Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Global Strike for Future de 15. Mäerz 2019 – Ried move. & Fotoen

Säit Enn 2018 hu weltwäit ëmmer méi Schüler/-inne Klimastreiken organiséiert. Säit Januar 2019 ass d’Beweegung och zu Lëtzebuerg am Gaang sech ze organiséieren. De 15. Mäerz war déi éischt grouss Schülerdemo zu Lëtzebuerg, zäitgläich mat villen anere Länner. Mat e puer Dausend Participant’en och e vollen Erfolleg. (7.500 Police / 15.000 Organisateuren)

Och move. ass op der Plattform ganz aktiv. Verschidde move.Aktiver hunn an hire Schoulen de Streik koordinéiert, Flyere verdeelt a sech aktiv an d’Debatt abruecht.

Hei fannt der dem Tilly an dem Jeff hier Ried:

Global strike for climate speech

Moien, mir sinn de Jeff an Tilly a mir hunn kee Bock méi dass al wäiss Männer eis d’Klima zerstéiere fir Suen.

Wei vill vun iech probéiere mir ze erreechen dass d’Jugend an d’Ëmwelt endlech déi Plaz an der Politik kréien déi se verdéngen. Meenunge vun de Jonken, genausou wei Klimapakten an Ëmweltschutzaccorde ginn zur Zäit entweder net gelies oder ignoréiert.

Déi 10 000 Jonk déi haut hei si beweisen, mir hunn realiséiert dass mer an enger Krise sinn. Elo erwaarde mer vun der Politik dass se dat selwecht mécht. Dier waart zu Paräis, a mir waren optimistesch dass déi Verspriechen déi dier gitt hutt eis all och géingen erméiglechen sech ze änneren als Gesellschaft. Mee et sinn nëmme Versprieche bliwwen, och no Katowicze bleiwen et nëmme Verspriechen an déi reell Moossname sinn enttäuschend.

Mir, déi Jonk, probéieren all Dag opzepassen, responsabel ze consomméieren, a jiddereen dee schon eng Kéier probéiert huet plastiksfräi anzekafe weess, et ass unstrengend…An dat well eis Gesellschaft irresponsabele Konsum als normal ugesäit, een overshoot day um 19 Februar ass jo anscheinend dann och normal.

Politiker: Ech hunn keng Loscht méi datt all eis perséinlech Efforte sënnlos gemaach gi par Rapport zu der Verdréckung vu Megakonzerner déi dir akzeptéiert. Et ass gläich méi schwéier fir Iech ignorant ze si wéi den Tatsaachen an d’Aen ze kucken. Wéi vill Wëssenschaftler braucht dir fir Iech eis Klimakris ze erklären?

Politiker: Halt op blann ze spillen. Als ee vun deene räichste Länner si mir Champion doranner Saachen ze kafe well mir Mengen si géingen eis glécklech maachen. Bis mer vill méi hunn wei mer am Fong brauchen, an dat nenne mir da “Confort”.

Mier gesinn déi Generatioun virun eis, wei se keng Zäit méi hunn fir näischt, gestresst sinn an am Stau stinn. Schnell verbrauchen , an schnell ewechgeheien. Ech soe gären Nee zu sou enger Aart a Weis ze liewen, ech well ausbriechen aus der Illusioun déi sou vill Leit gefaangen hält. Et ass d’Illusioun, ze denke mir kéinten an dierfte souvill verbrauchen, well eis Ressourcë jo onendlech sinn. Neien Auto, neien Handy, nei Kleeder, Iessen an d’Poubelle, d’Luucht un, D’Heizung erop mat der Fënster op, an am beschten nach de Krunn lafe loossen.

An ech soen net dass ech déi Saachen net och heiansdo maachen. Mä am Géigesaz zu deene Leit déi dobäi nach soen eise Streik wier sënnlos, an si kéinten eleng näischt ännere, gi mir haut op d’Strooss fir ze weisen dass mir och een Deel vun der Politik sinn. An dat mir Politiker dofir opfuerdere kënnen eis de Choix vun enger méi ökologescher Liewens Aart a Weis méi einfach ze maachen.

Komm mir halen op Excusen ze sichen. Mir kennen d’Konsequenze vun eisem Konsum net einfach blann ignoréieren.

Ech gesinn eidel Minnen, geschmolte Gletscher, ofgeholzt Bëscher, verdréckte Mierer, an ech gesinn, ech a mir si verantwortlech.

Elo ass de Punkt wou mir realiséiere mir wëllen een anert “normal”, mir wëllen zum Beispill Zäit hunn, fir lokal anzekafen, eis eege Saachen ze reparéieren, ze Kachen, Saachen unzebauen.

Fir dass Verännerung kennt, musse mer se froen, et bréngt näischt wann mer ronderëm lafen a soe “Fuck the system”. Looss eis eis Demokratie vu banne veränneren . De 26 Mee sinn Europawalen: Gidd Wielen an Wielt Jonk!

Well…Viele kleine Leute die in vielen kleinen Orten, viele kleine Dinger tun, können das Gesicht der Welt verändern“

 

Wann net mir…wien? Wann net elo…wéini?

 


Date de publication : 19.03.2019

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.
Villmols Merci