Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Lescht Schouldeeg? Raus an d’Natur!

An där Hëtzt an der Klass hocken?

Sammel Ënnerschrëften an denger Klass an iwwerzeeg däi Proff fir um Enn vum Joer en Tour duerch d’Natur ze maachen! Dëst fir en Zeechen ze setzen datt et wichteg ass d’Natur ze erhalen an ze schützen!

4 Grënn fir däi Proff ze iwwerzeegen de leschte Schouldag mat denger Klass an d’Natur ze goen :

  • E ganzen Dag dobanne setzen an de Plafong kucken? Déi lescht Schouldeeg sinn déi perfekt Occasioun fir nach eng Kéier gemittlech zesummen an der Natur ze chillen. Dëst ass net nëmmen eng Ofwiesslung zum Schoulalldag mä och e schéine gemeinsamen Ofschloss vum Schouljoer.
  • D’Natur huet e positiven Afloss op déi mental a physesch Gesondheet. Doriwwer eraus steigert et d’Kreativitéit.
  • Iwwer 1 Millioun Aarte vun Déieren a Planzen si vum Ausstierwe bedroht. Dëse Verloscht vun der Aartevillfalt bedréit d’Liewe fir de Mënsch op eisem Planéit.

Méi dozou fënns de hei:

Et ass nach net ze spéit fir ze handele mä mir brauchen e grousse gesellschaftleche Wandel. Déi lescht Schouldeeg an der Natur ze verbrénge géing en Zeeche setze fir op d’Alternativen zu eiser Konsumwelt opmierksam maachen!

  • Den Zoustand vun eiser Natur ass en Sujet den an der Bildung nach net genuch ugeschwat gëtt. Dofir ass et wichteg iwwert de Problem, ënnert Schüler a mat de Proffen, ze diskutéieren. An firwat sollt een dëst net, dem Thema no, an der Natur maachen?

Villäicht hutt der jo eng Iddi wéi der duerch eng flott Aktivitéit vun der Natur profitéiere kënnt?

Hei e puer Beispiller : Seedbombs maachen an an d’Natur geheien, en Insektenhotel bauen, e Picknick bei engem Weier oder am Bësch, en Velostuer oder eng Wanderung, en motivéierte Biosprof kéint mat iech en Tour duerch de Bësch maachen an iech d’Wichtegkeet vun der Biodiversitéit erklären, …loosst ären Iddie fräie Laf!

Hei fënns du de PDF fir roofzelueden a rauszedrécken. Dëse kanns du als Formulaire benotzen fir Ënnerschrëften an dénger Klass ze sammelen:

Flyer Lescht Schouldeeg

 

 


Date de publication : 02.07.2019

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci