Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Ouni Aartevillfalt – Keng Zukunft méiglech (Aktioun & Fuerderungen)

Den 3. Juli huet move. an enger faarweger Aktioun op d’Aartestierwen an de Biodiversitéitsverloscht opmierksam gemaach. Nodeems an enge sëlleche Reuniounen a mat Hëllef vum Anne, wat 3 Woche bei move. am Stage war, dës Positioun ausgeschafft ginn ass, gouf d’Press op de Geesseknäppchen invitéiert. Hei goufen d’Journalisten, awer och d’SchülerInnen an d’Proffe vun de move.Aktiven empfaangen. Verkleet gouf sech als Liewewiesen, vun deene verschidden Aarten am Moment direkt vum Ausstierwe betraff sinn. Planzen, Insekten, Fësch oder och nach Vigel goufe symbolesch mat engem grénge Fuedem matenee verbonnen. Dëst fir ze weisen datt d’Ausstierwe vun enger Aart, och direkt Konsequenzen op aner Aarten huet. Doriwwer eraus huet all Déier oder Planz eng Roll am Ökosystem, soubal ze vill Elementer vun dësem Netz feelen, fält de ganze System zesummen an dëst féiert och zu direkte Konsequenze fir de Mënsch.

D’Positioun vu move. zum Aartestierwen an dem Biodiversitéitsverloscht:

Duerch eise Konsum- a Wirtschaftsmodell si mir am Gaang eis Liewensgrondlage massiv ze zerstéieren. Den UN-Rapport iwwert de Klimawandel huet en Zäitfënster vun 12 Joer virginn, innerhalb vun dem mer nach Zäit hunn, déi schlëmmst Auswierkunge vun Hëtzt, Dréchend, Iwwerschwemmungen, Aarmut a Migratioun ofzewieren. Mee net nëmmen d’Klima ass um Punkt ze kippen. Eng international Plattform vu renomméierte Wëssenschaftler vun der UN (IPBES) huet viru kuerzem e Bericht erausginn, aus dem ervirgeet, datt wa mer keen Ëmdenken an eiser Gesellschaft a Wirtschaft hikréien, iwwer 1 Millioun Aarte vun Déieren a Planze vum Ausstierwe bedreet sinn. D’Konsequenze fir de Mënsch si schwéier virauszegesinn, ma d’Wëssenschaft weess genuch, datt d’Mënschen dréngend handele mussen. Déi massiv Zerstéierung vun eisen Ökosystemer wäert zu Liewensmëttelknappheete féiere, wat mat ganz grousser Sécherheet zu sozialen Tensiounen an zu engem sech weider verschärfende Kampf em Ressource wäert féieren.

Nieft Youth for Climate, an där eis Generatioun sech fir eng aner Klimapolitik ausschwätzt, ass et op mannst genau esou wichteg datt d’Thema Biodiversitéitsverloscht endlech dee Stellewäert kritt, dee mer brauche fir datt mir och an Zukunft nach kënnen op dësem Planéit liewen.

Duerfir hu mir eis mat move. mat dem Thema ausernee gesat an aus der Perspektive vun eiser Generatioun iwwer Léisungsvirschléi diskutéiert, well eis Produktiouns-, Konsum-, Mobilitéits- an Iessgewunnechte sinn net zukunftsfäeg. Fir de néidege Wandel ze erreeche muss d’Politik eng reell Naturschutzpolitik bedreiwen an nieft dem Klimawandel, dee jo elo massiv an der Ëffentlechkeet steet, de Biodiversitéitsverloscht zur absoluter Prioritéit maachen. Dëst ëmsou méi, well d‘Klimaverännerung an de Verloscht vun Aarten sech géigesäiteg opschaukelen.

Et ass nach net ze spéit fir ze handelen! Politiker kënnen den alarméierenden Zoustand an d’Erkenntnisser vun der Wëssenschaft net méi ignoréieren a mussen handelen:

  • Déi aktuell Naturschutzgesetzer bréngen et quasi net fäerdeg d’Aartestierwen ze stoppen. Fir de Kollaps vun de planetareschen Ökosystemer ze verhënnere brauche mir e grousse gesellschaftleche Wandel.
  • Eng nohalteg Liewens- a Wirtschaftsweis muss gefërdert ginn – an d’Gemeinwohl – net de Profit – am Mëttelpunkt stoen. Momentan ass eise Ressourceverbrauch vill ze héich. Als Mënsch iwwerfësche mir eis Mierer a beute Ressource wéi Äerzer an Ueleg aus, ouni eis de Konsequenze fir d’Biodiversitéit bewosst ze sinn. Sou soll industriell Fëscherei z.B verbuede ginn a kloer Zieler fir de Ressourceverbrauch wéi z.B Recyclingquote festgeluecht ginn.
  • Alternativen zu eiser Konsumwelt musse fir en informéierte Konsument méi einfach gemaach ginn, sou datt den Ëmschwong op eng nohalteg Liewensaart net mat engem groussen Opwand verbonnen ass. Sou sinn z.B. Ëmweltschied net am Präis mat abegraff a konventionell hiergestallt Produkter dofir oft méi bëlleg wéi ëmweltfrëndlecher. Mir sinn der Meenung, datt all Mënsch sech ëmweltfrëndlech Produkter kafe kënne muss an datt Bioproduiten net méi als déi méi deier Alternativ ugesi ginn.
  • De globaliséierte Welthandel hëllt keng Rücksicht op d’Biodiversitéit an d’Rechter vun de Mënschen. Mir brauche Fräihandelsofkommen déi e gerechte Welthandel virzéien an de Liewensraum vun de Vëlker an der Aartevillfalt versécheren. Sou si mir z.B. duerch eise Konsummodell mat dru schëlleg um Biodiversitéitsverloscht a Länner vum Globale Süden. Z.B. duerch den Import vu Soja fir eis Fleeschproduktioun.
  • Mir brauchen eng radikal Transformatioun vun der Landwirtschaftspolitik: D’ëffentlech Gelder musse virun allem un Naturschutz-Kritäre gebonne ginn an all ëmweltschiedlech Subventioune mussen ofgeschaaft ginn.
  • Chemesch Planzeschutzmëttel, ewéi Pestiziden an der Landwirtschaft mussen am Alldagsgebrauch verbuede ginn an eng diversifiéiert Permakultur déi d‘Fruuchtfolleg befollegt soll gefërdert ginn.
  • An der Ausbildung vum Bauer muss de Fokus vill méi um Naturschutz léien. Mee och generell an der Bildung, sou wéi an der ëffentlecher Debatt, muss d’Natur eng méi wichteg Plaz anhuele, fir d’Gesellschaft fir d’Wichtegkeet vun enger intakter Natur ze sensibiliséieren.
  • De Bauere muss den Iwwergang op eng nohalteg Biolandwirtschaft, och duerch finanziell Ofsécherung, méi einfach gemaach ginn. Virun allem de Geméisbau muss hei zur absoluter Prioritéit ginn.
  • De Mënsch verbraucht d’Natur duerch seng Aart a Weis ze liewen. Allerdéngs de Flächeverbrauch an d’Zerstéckelung vun eise Landschafte muss drastesch gebremst ginn. Dofir muss d’Politik dofir Suergen, datt Biotopen duerch d‘Usiidlung vun Industrien oder duerch de Bau vu Stroossen an Haiser net muttwëlleg futti gemaach ginn. Dëst ass wichteg fir Liewensraim, a soumat och d‘Aartenvielfalt ze erhalen.

Awer och privat ka jiddereen e klengen Undeel droen, datt d’Natur manner futti gemaach gëtt:

  • Sou kann een z.B. seng Wiss am Gaart manner méien, net düngen, d’Wëllwuesse vu Planzen zouloossen oder beim Akaf op Produiten zeréckgräife vun deenen ee weess, datt se net gesprëtzt gi sinn oder vum aneren Enn vun der Welt kommen.
  • Och Gemenge kënnen op den ëffentleche Flächen zum Erhalt vun der Biodiversitéit bäidroen z.B. eenheemesch Planzen(mëschungen) uplanzen, déi een ekologesche Mehrwert hunn a just 1-2 mol am Joer méien amplaz ze dacks ze mulche fir der Natur eng Chance ze ginn.
  • Och Schoule kënnen e Schoulhaff ariichte mat sënnvolle Planze fir d’Bestäubung oder mat engem eegene Geméisgaart. Zoubetonéiert bréngen se den Insekte guer näischt.

Ganz wichteg ass awer:

  • Fir d’Natur ze schützen ass et wichteg sech ze engagéieren, Drock op d’Politik ze maachen a Parteien ze wielen déi Naturschutz eescht huelen an och handelen.

Du hues Loscht dech fir d’Thema ze engagéieren?

Mell dech einfach iwwer move@oeko.lu oder komm einfach op déi nächst Versammlung!

 

 

Mat dëser Aktioun hu mir op d’Aartestierwen an de Biodiversitéitsverloscht opmierksam gemaach!


Date de publication : 03.07.2019

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci