Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. a Youth for Climate – Zesumme kachen an iesse fir den Ofschloss vun engem engagéierte Joer

Och 2019 waren erëm eng sëllege Jonker am Oekozenter aktiv. Nieft move., déi Jonk am Mouvement Ecologique, sinn dëst Joer eng ganz Rei weider Jonker bei Youth for Climate aktiv gewiescht déi sech och am Oekozenter treffen. YFC, de Lëtzebuerger Pendant zum Fridays for Future Klimamouvement, dee vun der Schwedin Greta Thunberg an d’Liewe geruff gouf, huet virun allem déi grouss Klimademonstratiounen zu Lëtzebuerg organiséiert. Vue que, datt eng Rei Jonker a béiden Organisatiounen aktiv sinn, an och e reegelméissegen Austausch stattfënnt, gouf decidéiert zesummen e grousst Iessen ze organiséieren. Dëst fir no engem engagéierten a ganz mouvementéierte Joer e gudde Moment mat guddem Iessen, Gespréicher a Musek ze verbréngen. Gekacht gouf natierlech selwer. Hei e puer Andréck vun dësem flotten Owend!

Gëff och du aktiv am Joer 2020!

move. treffen sech Donneschdes um 17.30 Auer www.move.meco.lu

Youth for Climate treffen sech Dënschdes um 17.00 Auer www.youthforclimate.lu


Date de publication : 09.01.2020

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci