Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Restopolis oder Restoplastik?

 “Fir keng Plastikfläsche méi ze hunn, proposéiere mir, dass d’Schüler all sollen e Bidon kréien. […] Mir wëllen, datt an der Schoul gratis Waasserspender an aner Gedrénksfontainen (géint Entgelt) opgestallt ginn, wou mir onse Bidon da kënnen opfëllen. Zousätzlech soll een an der Kantin d’Iessen nëmmen nach ouni Verpackung resp. An enger ‘EcoBox’ kréien an et soll keen Einwegbesteck méi erlaabt sinn. […] Et ass och wichteg, op méi Plazen a fir méi Materialer e Pfandsystem anzeféieren; mir wëllen, datt déi omnipräsent Eeweg-Plastiksfläsch ersat gëtt duerch Mehrweg-Glasfläschen.”

Dëst Zitat ass aus dem Schlussrapport vun de regionalen Echangen am Kontext vum ClimateXChange déi d’Regierung als Äntwert op déi grouss Klimademoen d’lescht Joer organiséiert huet. D’Fuerderunge vun de Schüler un d’Regierung a virun allem un de Bildungsminister, deen zoustänneg ass fir dat wat an de Lycéeën ugebuede gëtt, ass also ganz präzis a kloer: Keen onnéidegen Offall méi! De Ministère huet doropshin versprach des Fuerderung ëmzesetzen wéi een am Infomagasinn EDU, deen sech un d’Eltere riicht, noliese kann.(EDI 02/2019, Säit 22-24).

Reegel oder Richtlinn?

D’Ëmsetzung vun dësem Versprieche läit also elo bei Restopolis, dem ‘Service de restauration’ den dem Bildungsministère ënnerstallt ass. Leider schéngt Restopolis d’Ofmaachungen tëschent de Schüler an dem Ministère éischter als labber Richtlinn wéi als fix Reegel ze gesinn.

Dëst weist sech exemplaresch bei der aktueller Offer vun der Frupstut, wou Restopolis decidéiert huet, all Client eng gratis PET-Fläsch Waasser unzebidden a Besteck ze benotzen dat net weider benotzt ka ginn.

Des Offer ass net just de Contraire vum Verspriechen, dat de Ministère gemaach huet, mee gläichzäiteg och de Contraire zu der Kommunikatioun vu Restopolis, déi seet:

D’Waasser vum Krunn ass net nëmme gutt fir d’Gesondheet, mä erlaabt och nach de Plastiksoffall ze reduzéieren.

Och ënnert der Berécksiichtegung vum social distancing an den néidegen hygienesche Moossnamen a Corona Zäiten, gesi mir duerchaus d’Méiglechkeet fir dem Zil vun der Reduktioun vum Plastiksoffall och an der aktueller Kris trei ze bleiwen.

Wann net elo wéini dann?

Aus dësem Grond hunn de Mouvement Écologique a move. een Bréif un de Ministère geschéckt fir ze fuerderen, datt Restopolis grad elo verstäerkt op nohalteg Alternative setzt, speziell op de Bidon MyCan, mee awer och op de Besteck-Kit MyKit an d’Ecobox.

Och a Corona Zäite sollen d‘Basisreflexer fir méi Ëmweltschutz net vergiess ginn. Grad elo ass et wichteg datt d’ëffentlech Hand mam gudde Beispill vir geet an ee kloert Signal un all déi Jonk gëtt, datt sech Lëtzebuerg fir den Ëmweltschutz staark mécht.

Leider koum weder vu Restopolis nach vum Ministère selwer eng offiziell Äntwert op eise Bréif, wat mir bedaueren. Och ons Offer fir een Dialog mat der Mme. Ludovicy, der Direktesch vu Restopolis, huet leider keen Uklang fonnt, an dat obwuel sie selwer op Facebook sech beschwéiert huet, datt mir sie géife kritiséieren ouni am Viraus mat hier geschwat ze hunn.


Date de publication : 04.06.2020

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci