Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Move. Versammlung – Social Media

Add to iCal   >

Waat stiichten mir alleguerten während dem Lockdown?

Kachen an Yoga?

Jo daat natierlech och, mee waat stiichten mir na vill méi?

Social Media?

Korrekt! Mir hänken all zimlech vill op Social Media, an dofir dréit sech eis Versammlung dës Woch och genee em dëst Thema.

Wat steet um Plang?

Mir iwerleen, wéi move. an dëser Zäit mee och no der Kris am beschten kann iwer Social Media kommunizéiren, wéi mir eis Social Media Optretter kënnen verbesseren an wéi mir éis move.-Memberen besser kennen an d’Social Media Strategie abannen.

———

Och dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Discord.

Wéi soll dat mat der online Session genee funktionéiren?

  1. Mëllt iech all bei Trello un.
  2. Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun), an luet iech den Programm/d’App Discord erof, déi gratis ass, an op all Geräter kann benotzt ginn.
  3. Benotzt den folgenden Link fir iech am Discord ze verbannen.
  4. Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Trello an Discord funktionéieren, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.
Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci