Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Aktioun Aartestierwen um Campus Geesseknäppchen

Add to iCal   >

Nieft Youth for Climate, wou eis Generatioun sech fir eng aner Klimapolitik ausschwätzt, ass et op mannst genau esou wichteg datt d’Thema Biodiversitéitsverloscht endlech dee Stellewäert kritt, dee mer brauche fir datt mir och an Zukunft nach kennen op dësem Planéit liewen.

Duerfir organiséiere mir Mëttwochs den 3.Juli um 11h30 eng Aktioun wou mir op eng kreativ Aart a Weis op d’Aartestierwen an de Biodiversitéitsverloscht opmierksam maachen.

Empfaange gidd dir vun enger Rei Déieren a Planzen déi duerch de mënschlechen Afloss hire Liewensraum verléieren. Awer och du wäerts op eng kreativ Aart a Weis an eis Aktioun mat agebonne ginn.

Duerfir komm laanscht a looss dech iwwerrasche wat mer ze soen hunn!

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci