Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Aluedung op d‘Versammlung vum Bildungsgrupp vum Mouvement Ecologique

Add to iCal   >

Am leschte Joer si weltwäit Millioune Jonker op d’Stroosse gaange fir eng aner, méi konsequent,
Klimapolitik anzefuerderen. Leider sinn ausser e puer klenge symboleschen Aktioune, wéi manner Plastik
an de Schoule, keng grondleeënd Weichen an der Bildungspolitik gestallt gi fir de néidege gesellschaftleche
Wandel am Kader vun der Klimakris an d’Weeër ze leeden.

Dir sidd selwer am Bildungsberäich aktiv / aktiv gewiescht oder sidd einfach just interesséiert um Thema? Du bass SchülerIn?

Da luede mer Iech an dësem spannende politesche Kontext, dee sécherlech d’Schoul an Zukunft viru grouss
Erausfuerderunge stellt op en Treffe vum Bildungsgrupp vum Mouvement Ecologique an.

Donneschdes, de 5. Mäerz 2020 um 18h30
am Oekozenter Pafendall – 6, rue Vauban, L-2663 Lëtzebuerg.

Mir wäerten an dësem Treffe folgende Froen nogoen:

  • Wat heeschen d’Klimademoen elo fir d’politesch Bildung?
  • Wéi kann ee mat Jonken d’Thema Klimawandel aktiv ugoen?
  • Wat brauche Proffe fir mat de
    SchülerInnen iwwer de Klimawandel ze schwätzen a Projet’en unzegoen?
  • Wat misst an eise Schoule geschéie fir datt Schüler, Proffen awer och anert Personal sech aktiv an
    d’Gestaltung vum Ëmgang mat der Klimakris abréngen?
  • Wat misst de Bildungsministère maachen, datt Schoule verstärkt aktiv Acteuren am Beräich vum
    Klimaschutz kënne ginn?

Da wäerte mer awer och en oppenen Austausch iwwert Är Analysen an den Handlungsbedarf am Beräich
Bildung fir nohalteg Entwécklung & politesch Bildung mat Bléck op d’Klimademoen hunn.
Et géif eis freeë, wann Dir Loscht hätt deen Owend laanscht ze kommen. Wann Dir deen Datum selwer net
kënnt derbäi sinn, awer Interessi un enger Mataarbecht hutt, da sot eis Bescheed. Mir wäerten op dëser
Versammlung zesummen déi nächst Schrëtt festleeën.

Mëllt Iech wgl un wann Dir Loscht hutt fir matzemaachen beim Cédric Metz: cedric.metz@oeko.lu

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci