Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Diskussiounsronn : Eng Zukunft ouni Plastik?!

Add to iCal   >

Komm laanscht op en Austausch, mat Iessen An Aktioun zum Thema Plastikverschmotzung am Gudde Wëllen!

Plastikdreck zerstéiert Liewensraim an ass opgrond vu gëftegen Inhaltsstoffer geféierlech fir d’Gesondheet vu Mënsch an Déier. Doriwwer eraus hu mir alleguer d’Biller vum Plastikdreck an eise Mierer am Kapp. 150 Milliounen Tonne ginn aktuell geschat a bis 2030 kéint sech dës Zomm verduebelen. Problematesch sinn och net recycléiert Plastikmëschungen a Mikroplastik dee sech z.B. vu synthetesche Kleedungsstécker lassléisst oder a Kosmetikprodukter erëmzefannen ass.

Mat move. hu mir entscheet, datt mir eis als Jonker fir eng Zukunft ouni Plastikverschmotzung wëllen asätzen. Sou maache mir ënnert anerem och an eise Schoulen op d’Problematik opmierksam. Mir hunn awer och schonn eng faarweg Plastikparade organiséiert. Dësen Owend wäerte mir deemno folgende Froen op de Grond goen :

+++Wéi eng Problemer si mat eisem Plastikverbrauch verbonnen ? Mat der Produktioun ? Mat der Entsuergung ?
+++Ass Bioplastik eng ëmweltfrëndlech Alternativ ?
+++Wat kann d’Politik maachen ?
+++Wat kënne mir maachen ?

Zesumme mam Isabelle aus der Ëmweltberodung vum Oekozenter Pafendall an eventuell engem Vertrieder aus dem Ministère, wäerte mer op dësem Owend eng spannend Diskussioun zum Thema Plastik féieren an och e gudden Abléck kréie – wéi eng Léisungen an der EU diskutéiert ginn a wat Lëtzebuerg ka maachen. Dësen Input wäerte mir dann och an eis nächst Aktioune mat afléisse loossen !

+++ BUFFET: Deen deen Zäit a Loscht huet, kann eppes z’Iesse matbréngen, mir maachen dann e Buffet draus a jidderee kann sech zerwéieren. Wat méi Leit eppes matbrénge wat de Buffet méi pimp gëtt!

+++ GEHEIM AKTIOUN : Zum Ofschloss hu mir och nach eng Aktioun geplangt!

Looss dech also iwwerraschen, komm laanscht a bréng deng Kollege mat.

Umelle kanns de dech per Mail op move@oeko.lu

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci