Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Diskussiounsronn – Kantinne vun der Zukunft!

Add to iCal   >

Biologesch, saisonal a lokal Produit’en, a manner Fleesch an an eise Lycéeën – Wat muss geschéien?

 

Weltwäit gi Millioune Jonker op d’Strooss fir eng méi ambitiéis Klimapolitik. Parallel zur Klimakris, geréit awer och d’Aartestierwen an d’Zerstéierung vun eiser Ëmwelt ëmmer méi an de Fokus. Wat mir iessen ass immens wichteg, esouwuel beim Schutz vum Klima wéi och beim Schutz vun der Biodiversitéit.

Positiv ass: ëmmer méi Lycéeë maachen sech lues a lues op de Wee fir méi nohalteg ze ginn. Initiative wéi Zero-Waste a manner Plastik si wichteg! Ma virun allem och d’Kantinne kënnen hiren Deel zum Erhalt vun eise Liewensgrondlage bäidroen.

 

Ass d’Situatioun vun elo – all Dag Fleesch an nëmme 4% Bio bei Restopolis an de Kantinnen – nach zäitgeméiss?!

Déi mat der ablécklecher konventioneller Landwirtschaft verbonne Problemer ginn ëmmer méi grouss. Doriwwer eraus komme Liewensmëttel mëttlerweil aus aller Welt, an och den héije Fleeschkonsum huet e wichtegen Undeel un der Klimakris an dem Leed vun Deieren. Laut Wëssenschaft hu mir nëmmen nach e puer Joer fir ze handelen, dofir mussen eis Kantinne mam gudde Beispill virgoen…

 

Zesumme mam

Pol Faber, Naturschutzsyndicat Sicona an Uspriechpartner vun Natur genéissen, e Projet dee Produit’en vu lokale Baueren déi natur- an ëmweltfrëndlech produzéieren op d’Tellere vun de Maison relais’e bréngt.

Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique a säit laanger Zäit aktiv um Thema.

Claude Christnach, Direkter vum Lycée Josy Barthel Mamer

an enger Rei Schüler déi sech an hirer Schoul fir eng méi nohalteg Kantinne asetzen

 

wäerte mir op dësem Owend folgende Froen nogoen:

Firwat ginn et net méi biologesch a lokal Produit’en an eise Kantinnen? Firwat gëtt et an de Kantinnen am Lycée all Dag Fleesch? Wéi vill Bio-Geméis kënne Baueren zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun produzéieren? Wéi kënne Lycéeë mat lokale Produzenten zesumme schaffen? A ganz wichteg: Wat kënne mir maachen, dass méi biologesch a lokal Produit’en, a manner Fleesch an eise Kantinnen zur Realitéit ginn?!

 

BUFFET: Deen deen Zäit a Loscht huet, kann eppes z’Iesse matbréngen (am léiwste vegan oder vegetaresch) mir maachen dann e Buffet draus a jidderee kann sech zerwéieren. Wat méi Leit eppes matbrénge wat de Buffet méi grouss gëtt.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci