Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Excursioun op d’2000m2 Feld mat Brout-Workshop

Add to iCal   >

Wat kann een alles op engem Feld vun 2000m2 ubauen? Wéi wierken individuell Iess- Entscheedungen sech op d’Produktioun vu Liewensmëttel an domat och op d’Natur an d’Klima aus? Wat kann awer och d’Politik maachen, fir eng nohalteg Landwirtschaft ze fërderen?

Zesumme mat natur&ëmwelt – an am Uschloss op den Filmowend “Brot” am Ciné Paris zu Beetebuerg – fënnt dës Excursioun mat Workshop beim/am Haus vun der Natur op der Kockelscheier statt.

D’Excursioun fënnt am Kader vum Thema Landwirtschaft statt, wou move. sech mat de konkrete Méiglechkeete beschäftegt, wéi sech d’Zil vu méi biologeschen, lokalen a saisonale Produiten a manner Fleesch an de Kantinnen erreeche léist.

Beschreiwung vun der Excursioun

Bei dëser Excursioun léiers du de Projet 2000m2 kënnen, en internationale Projet deen de Landverbrauch vun eiser Ernierung siichtbar mëscht an dozou ureegt sech Gedanken driwwer ze maache wéi mir an der Zukunft wëllen iessen.

Befiert et awer op d’2000m2 Feld geet bereede mir ee Broutdeeg vir. Um Feld selwer léiere mir da méi iwwert d’Hannergrënn vum Projet a wéi sech Entscheedungen an der individueller Ernierung op d’Produktioun vu Liewensmëttel an domat op d’Natur an d‘Klima auswierken.

Den Ofschloss vun der Excursioun ass dann d’Degustatioun vum Brout dat mir selwer gebak hunn.

Wichteg Informatiounen

Treffpunkt fir dës Aktivitéit ass um 16:45 beim Haus vun der Natur op der Kockelscheier (5, Route de Luxembourg, 1899 Kockelscheuer).

De Wee dohinner fannt dir mam Bus Nr.18 vun der Gare Centrale bis Kockelscheuer Patinoire (an dann 100 Meter zu Fouss).

Mir wäerten am Workshop genuch Broutdeeg hierstellen, dass jiddereen Deeg mat heem huele ka fir en doheem an den Uewen ze stellen, dofir wär et super wann dir kéint eng Tupperware oder iergendeen Container matbréngen.

Fir d’Material biede mir em ee klénge Käschtenbäitrag vun 10€.

Fir Memberen vu move. ass d’Aktivitéit gratis.

Wgl. reservéiert är Plaz bis den 19.09.20 iwwer move@oeko.lu, wéinst Corona si leider just begrenzt Plazen zur Verfügung.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci