Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Diskussiounsowend – Gemengewahlen 2017: Ech sinn dobäi!

Add to iCal   >

 

Aktiv sinn an denger Gemeng. Firwat? A wéi?

Infoowend fir Jonker zu de Gemengewahlen 2017 am Gudde Wëllen.

mat dobäi sinn:

Roberto Traversini – Buergermeeschter Déifferdéng
Dan Biancalana – Buergermeeschter Diddeleng
Blanche Weber – Presidentin Mouvement Écologique

Du wollts schonn ëmmer wësse wéi’s de dech an denger Gemeng kanns abréngen a wat eng Gemeng iwwerhaapt kann entscheeden?

Da komm laanscht an de Gudde Wëllen. Zesumme mat zwee Buergermeeschteren an der Presidentin vum Mouvement Écologique kanns du iwwert deng Virstellunge vun enger zukunftsfäeger Gemeng diskutéieren.

Op dësem Owend gëss de och gewuer wéi eng Méiglechkeeten et ginn sech an der Gemeng mat anzebréngen.

Mell dech am beschten direkt hei un oder maach e Mail op move@oeko.lu. Sou kënne mer aschätzen wéivill Leit kommen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci