Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Mat move. op d’Wir haben es satt Demo zu Berlin

Add to iCal   >

D’Fro „Wéi mir an Zukunft Liewensmëttel produzéieren a konsuméieren“ geet eis all eppes un. Mat move. hu mir eis virun 2 Joer entscheet, eis aktiv mam Thema auserneen ze setzen. Op der Sich no de Problemer an der aktueller Landwirtschaft, déi leider a groussen Deeler net méi mat den natierleche Grenze vun eisem Planéit am Aklang ass, hu mir eis läscht Joer unhand vun Interview’e mat Politiker, Baueren, Konsumenten a Vertrieder vun ONG’en e Bild iwwer d’Problemer, d’Léisungen an d’Argumenter vun de verschiddenen Acteure gemaach. Doropshin hu mer och interaktiv Virträg a Schoulen organiséiert.

Sou beschäftegt eis z.B. d‘Fro ob et eng Landwirtschaft gëtt déi gutt fir de Bauer a gutt fir d’Natur ass. Eng Äntwert ass guer net esou einfach ze fannen. Fir datt allerdéngs den néidege Wandel an d’Erauskommen aus der Situatioun méiglech ass, brauche mer eng breetgefouert gesellschaftlech Debat, un där all Acteuren, och mir als Konsumente sollen deelhuelen a mussen.

Aus dem Grond fuere mir, genau ewéi läscht Joer, erëm op Berlin op d’Wir haben es satt Demo ze fueren déi scho säit Joren, och vun däitschen Ëmweltverbänn, organiséiert gëtt. Dës Demo huet zum Zil der Dominanz vun der Agrarindustrie an hiren negative Folge fir Mënsch, Ëmwelt an Natur, ganz haart entgéint ze trieden an och déi verschidden Acteure fir en Austausch zesummen ze bréngen.

Mir fuere Freides den 18. Januar 2019 géint 17.00 beim Oekozenter Pafendall fort. De Retour ass fir Sonndes Owes den 20. Januar géint 22.00 geplangt. Mir wäerten mat engem Mini-Bus eropfueren an och all zesummen an engem Appartement schlofen. Nieft der Demo – wäerte mer och nach Berlin besiche goen.

Falls du nach Froen hues oder dech umelle wëlls, kanns du dat iwwer move@oeko.lu maachen.

Hei  fënns du och e Bericht vun eisem Ausfluch läscht Joer:

All weider Info’s zu der Demo : www.wir-haben-es-satt.de

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci