Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Move. goes online – Versammlung

Add to iCal   >

Den Coronavirus huet d’Land fest am Grëff an mir sëtzen all doheem fest, mee dat ass keen Grond fir net produktiv ze sinn!

Dofir fënnt eis wöchentlech Versammlung kuerzerhand dës Woch online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Discord.

Wat steet um Plang?

Um Plang steet eng Worksession un eiser move.approved-Kaart.

Villäicht kënne mir den kompletten Content fir d’move.approved-Kaart an den zwou Wochen Quarantän fäerdeg stellen, dat wär iwwelst nice!

Wéi soll dat mat der online Session genee funktionéiren?

  1. Mëllt iech all bei Trello un: https://trello.com/invite/movepublic/38d3dcedf2b8a16a68acba261ed5eb23
  2. Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun), an luet iech den Programm/d’App Discord erof, déi gratis ass, an op all Geräter kann benotzt ginn.
  3. Benotzt den folgenden Link fir iech am Discord ze verbannen: https://discordapp.com/invite/TepNpz
  4. Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Trello an Discord funktionéieren, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.
Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci