Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Summercamp

Add to iCal   >

De move. Summercamp ass fir jiddereen deen zesumme mat anere Jonken eppes beweege well. Mir wäerten Aktiounen zu de Gemengewale plangen, iwwer aktuell Themen diskutéieren, zesumme kachen a flott Aktivitéiten dobaussen ënnerhuelen.

Programm (provisoresch)

Freides – 15.Sept.
17h: Ukommen a kenneléieren
18h: Mir ginn aktiv! Gemengewalen eemol anescht.
20h30: Kachen um Lagerfeier

Samschdes – 16.Sept.
9h-10h: Waakresch ginn a Moiesiessen
10h-12h: Eng Zukunft fir d’Landwirtschaft?!
12h-14h: Zesumme kachen ass einfach emol nice!
14h-18h : move.Gaart & Aktivitéit am Bësch
19h–21h: Grillen emol anescht!
21h30: Owesaktivitéit

Sonndes – 17.Sept.
9h-10h: Waakresch ginn a Moiesiessen
10h-12h: Vun der Iddi bis zur Ëmsetzung!

13h30-15h Ofschloss Buffet mat Famill a Frënn

 

Dëse Weekend wäert um Haff a Sewen, do wou och de move.Gaart ass stattfannen.

Mell dech an deng Kollege gratis un op www.move.meco.lu oder iwwer move@oeko.lu.
Du hues nach Froen? Zéck net a mell dech beim Cédric iwwer move@meco.lu oder ruff him un um Tel: 43 90 30 – 33

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci