Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Move. vegane Brunch & Projete plangen

Add to iCal   >

Du hues Bock op e gemittleche Mëtte mat relaxe Leit a guddem Iessen?

Wärend engem Brunch wäerte mir eis iwwert déi aktuell Projete vu move. austauschen, déi nächst Aktioune plangen, an hoffentlech vill nei Leit kenne léieren déi sech mat move fir eis Natur, eis Ëmwelt, manner Plastik, eng aner Landwirtschaft oder och nach méi Matbestëmmung an eise Schoule wëllen asetzen.

Am flottsten ass et wa jiddereen eppes fir z’Iesse géif matbréngen, z.B. selwergemaachte Schockelasbotter a Brout? Humus? Kreatioune mat frëschem Geméis? Kuch? Sief kreativ! Mä falls dat net méiglech ass, ass et och kee Stress wann’s de ouni eppes kënns – et wäert genuch dosinn.

Schreif am beschten e Mail op move@oeko.lu – sou kenne mer aschätzen zu wéi vill mer sinn!

 

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci