Move. Versammlung – Gemeinwohl & Klima- an Naturschutz
Add to iCal >WAT MAACHE MER?
Op dëser Versammlung wäerte mer kuerz iwwert d’Klimaproblematik schwätzen. Mir plangen awer och eng zweet Oplag vun eiser Kaart mat nohaltege Geschäfter a Restaurant’e. Dës Kéier mat Fokus op d’Gemeinwohlökonomie! Mir wäerten awer och eng Konferenz organiséieren an driwwer schwätze wéi mir kennen aktiv gi fir datt d’Themen Naturschutz a Landwirtschaft nach méi an de Schoule wäerten zum Thema ginn!
DU HUES LOSCHT DECH DËST JOER BEI MOVE ZE ENGAGÉIEREN?
Dann zéck net a komm laanscht op d’Versammlung!
DU HUES NACH FROEN?
Mell dech einfach beim Cédric iwwer move@oeko.lu oder schreif eis op FB.
Loading Map....