Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. Versammlung Naturschutz an Demokratie

Add to iCal   >

Ausnahmsweis fënnt dës Versammlung eng Kéier Freides statt. Duerno awer rëm wéi gewinnt Donneschdes! No der Versammlung gi mer zesummen op d’Fête de la Musique an der Stad.

DU WËLLS NEI LEIT KENNE LEIEREN AN HUES LOSCHT DECH ZE ENGAGÉIEREN?
Da komm laanscht an den Oekozenter Pafendall (6,rue Vauban) op déi nächst move. Versammlung.

WAT MAACHE MER?
No eisem grousse move.Your.nature wäerte mer an dëser Versammlung iwwert Naturschutz schwätzen, iwwert de Rapport vun der UN iwwert d’Laach vun der Biodiversitéit a kucke wat fir eng Aktioun mir kënne maachen! Dat gëtt spannend!

Desweidere kucke mer och wat mer mat de Resultater vum Visionäre iwwer demokratesch Schoulkultur maachen. Gi mer no baussen? Triede mer un de Minister run?!

Mir wäerten awer och iwwert de move. Summercamp schwätzen an natierlech iwwert är Iddi’en a Virschléi!

DU HUES NACH FROEN?
Mell dech einfach beim Cédric iwwer move@oeko.lu oder schreif eis op FB

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci