Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Move. Versammlung – Podcast-Heros oder Youtube-Stars?

Add to iCal   >

Wat steet um Plang?

Leschte Freide war déi drëtt Episode vun “Um Comptoir”.
Dëse Projet dee mir wärend dem Corona-Lockdown gestart haten, war bis elo ee groussen Erfolleg a mir haten dräi ganz spannend Episoden.
No dësen dräi Pilot-Episoden ass et awer elo un der Zäit de Projet nach eng Kéier néi ze evaluéieren an eis ze iwwerleeë wéi et genee domat weidergoe soll no der Summervakanz.
An dëser leschter regulärer Versammlung (ONLINE) déi mir virun der Summervakanz hunn sammele mir déi wichtegst Froen, a kucken op wéi enge Froe mir wëlle méi am Detail schaffen. Ausserdeem kucke mir eis all d’Parametere genee un an entscheeden, ob mir an Zukunft Podcast-Heros, Youtube-Stars oder awer léiwer Livestreamer wëlle ginn.
Natierlech wär et dofir super wann dir nach eng Kéier ee kuerze Bléck op déi Episode werfe kéint, déi dir vlt verpasst hutt:
https://www.youtube.com/playlist?list=PLsi9P-0l5eFVawekgQExxlCRShRUMprJ_

———

Meeting ID: 893 2775 5297
Meeting PW: 01101101
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/89327755297?pwd=cnJtcVh2U0hiZHVaeEt4ZnlrZEJadz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).
Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

 

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci