Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Position Paper

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  1. Rapport vun der Entrevue mam François Benoy
    1. Mir haten de 27.10.20 eng produktiv Entrevue mam Politiker François Benoy, deen dëst Joer als Budgetsrapporter vun de Gréngen säin Avis zum Staatsbudget an der Chamber wäert ofginn. Hien huet an dësem Kontext mat villen Acteuren aus der Zivilgesellschaft geschwat, an eben och mat move.
    2. Mir maachen an dëser Versammlung ee klénge Rapport iwwert d’Entrevue an och iwwert déi zwou Aktivitéite vu leschter Woch.
  2. move. huet scho säit längerem d’Campagne fir méi biologesch, saisonal an regional Produiten an eise Kantinnen an elo wëlle mir de politeschen Drock verstäerken.
    1. Fir dëst kënnen ze maache musse mir awer als eicht eis Positioune verëffentlechen an och liicht verständlech maachen, doru wëlle mir an dëser Versammlung schaffen.

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci