Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Wat ass eigentlech mat de Kantinnen?

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir iwwert Theme schwätzen, un Projete schaffen an och gäre mol ee Patt drénken.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, du brauchs kee Virwëssen oder soss eppes, an du muss och net Member si fir einfach deelzehuelen an deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  1. Säit der Diskussiounsronn zu den Kantinne vun der Zukunft hunn mir aus verschiddene Grënn net méi wierklech op dësem Thema geschafft, Zäit dat ze änneren:
    1. Kuerze Bilan wat scho geschitt ass a wou mir stinn.
    2. Wéi kenne mir zu Lëtzebuerg eng Verännerung erreechen?
  2. Kuerzen Update zu de Projeten “move.approved” an “Um Comptoir”
  3. Tëschent allen Léit déi un der Versammlung deelhuele gëtt een Ticket verspillt fir d’Avant-Première vum Film ” Eng Äerd” den 28sten um 19:00 September am Kinepolis. (Trailer: https://www.youtube.com/watch?v=Fb6W6A0S-jY)

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/89327755297?pwd=cnJtcVh2U0hiZHVaeEt4ZnlrZEJadz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci