Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Nationale Plastikdag – Grouss Parade fir méi Plastik

Add to iCal   >

Fir d’Feierlechkeete vum nationale Plastikdag ruffe mir all Plastikkonsumenten a Plastikkonsumentinnen op de Plastik mat eis zelebréieren ze kommen. Wärend et eiser Natur ëmmer besser geet – ass et un der Zäit eise Plastikkonsum och mol eng Kéier an d’Luucht ze schrauwen. Mir kenne roueg nach eng Schëpp bäileeën.

+++ Dresscode: Dir kennt gären en T-Shirt mam #becauseplasticisfantasticundoen. Sou wéi allméiglech Plastiksaccessoiren. Et ass schliisslech eng offiziell Parade fir de Plastik.+++
+++Vergiesst net äre Plastik matzebrénge fir der Groussherzoglecher Plastik Koppel domat entgéint ze wénken. D’Koppel gesäit och gären Plakater déi zum Plastikkonsum opruffen.+++

Hei fannt der déi offiziell Fuerderungen zum nationale Plastikdag:
+ Porzeläinstelleren a Läffelsgeschir a Restauranten an an ëffentleche Kantinnen duerch Plastiksgeschir ersetzen.
+ All Plastiksfläsch soll ab elo just nach eemol benotzt ginn. Remverwendbar Alternative solle lues a lues der Vergaangenheet ugehéieren.
+ Fir genuch Plastik ze produzéieren, sollen all eis Liewensmëttel an Zukunft mindestens 2 mol a Plastik agepaakt ginn.
+ Jiddereen dee Plastik produzéiert soll kenne vu staatleche Subside profitéieren a vun engem reduzéierte Steiersaz profitéieren.
+ D’TVA op Plastiksproduite soll erofgeschrauft ginn.
+ De Recyclage soll verbuede ginn.
+ Mir wëllen e Label fir Geschäfter déi genuch Plastik verkafen.
+ All Responsabele Bierger dee genuch Plastiksoffall am Joer produzéiert soll dat um Enn vum Joer vun de Steiere kennen ofsetzen.

Vive de Plastik – because plastic is fantastic

P.S. So denge Kollege Bescheed a kommt laanscht! Déi grouss Plastikparade wäert ongeféier eng Stonn daueren. Treffpunkt ass an der Stad virun der Gare.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci