Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Natur-Exkursioun: Seelen Fliedermais zu Lëtzebuerg

Add to iCal   >

Vun Huffeisenuesen an anere Kobolde vun der Nuecht: Een Owend mam Jacques PIR (Member vum MECO, Biolog a Fliedermausfuerscher)

Et gëtt ronn 21 verschidde Fliedermausaarten zu Lëtzebuerg a mir hunn d’Chance eng vun de seelenste Fliedermausaarten, d’Grouss Huffeisennues mat enger grousser Kolonie an der Gemeng Schengen ze hunn. Zesumme mat enger weiderer seelener Fliedermausaart, der Wimperefliedermaus ziele mer den Ausfluch vun der bedeitendster Fliedermauskolonie zu Lëtzebuerg.

Mir wäerte ronn 1.000 Déiere vun deenen zwou Aarte beim Ausfluch kënnen nokucken an nolauschteren.

Dëst ass warscheinlech ee vun de spektakuläersten Naturerliefnesser hei am Land!

Dës Aktivitéit ass op maximal 8 Persoune beschränkt, dofir biede mir em eng Umeldung via Mail: move@oeko.lu

Treffpunkt ass den Oekozenter am Pafendall um 19:30 vu wou mir dann all zesummen op Bech-Macher fueren.

Wichteg Informatioun: Wgl. drun denken ee Mond-Nuesen-Schutz matzebréngen an eppes Waarmes fir unzedoen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci