Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Repair – Rallye – We don’t want to be replaced!

Add to iCal   >

An Zäite vun der Klimakriis an dem Biodiversitéitsverloscht musse mir en aneren Ëmgang mat eise Ressource fannen. Duerch d’Digitaliséierung, déi ëmmer méi grouss Deeler vun eisem Alldag betrëfft, geet och d’Unzuel un technesche Geräter ëmmer méi an d’Luucht!

Mam Repair-Rallye wëlle mir drop hiweisen datt mir en aneren Ëmgang mat eise Ressource brauche wa mir dës och nach fir déi zukünfteg Generatioune wëllen erhalen!

Komm laanscht op de Repair-Rallye a fann raus wéi eng Message mir de Leit, de Geschäfter, de Schoulen awer virun allem och der Politik wëlle mat op de Wee ginn!

Rendez-vous dëse Freiden um 16h op der Gare!

Jidderee soll technesch Apparater matbrénge – op een se lo ka reparéieren oder net ass fir de Rallye usech egal!

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci