STOP TTIP & CETA Demo Warm-Up
Add to iCal >Wat steet un?
KREATIV GÉINT TTIP&CETA PLAKATER MAACHEN
MUSIK CHILLEN OWEND ZESUMMEN IESSEN
Du hues Bock mat faarwege Plakater a Banneren op déi grouss STOP TTIP a CETA Demo Samschdes den 8.Oktober an der Stad ze goen, weess awer nach net wat dropschreiwen? Jiddereen dee Loscht huet, farweg a kreativ säi Mësstrauen zu TTIP&CETA auszedrécken, kann dësen Owend an de Gudde Wëlle komme fir mat anere Jonke Plakater a Bannere virzebereeden déi mer dann zesumme mat op d’Demo huelen.
Hei all d’Infos zu der Demo.
https://www.facebook.com/
+++Och déi Jonk maachen sech Gedanken ëm hir Zukunft wou TTIP&CETA an eisen Aen net higehéieren. Nodeems mer eis mat Politiker a Leit aus der Zivilgesellschaft ausgetosch hunn a mer net mat zukunftsfäegen Argumenter zougeschott gi sinn, stelle mer eis weider d’Fro wéi mer an Zukunft liewen a schaffe wëllen a wat TTIP & CETA eis do bréngt ausser méi Fräiraum fir grouss Konzerner? An datt et deenen net ëm héich Ëmwelt- a Sozialstandarte geet, schéngt eis och evident.+++
Duerfir komm mir ginn all zesummen op déi Grouss Demo den 8. Oktober. An dat mat faarwege Plakater!