Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique
No Events

“Um Comptoir mam Rosch” – Episode 3 vun eiser Serie vun Online-Dialoger

Add to iCal   >
Mir bei move., déi Jonk am Mouvement Écologique, mierken, datt Jugendlecher grad zu dësen Zäiten Interessi un engem Austausch hunn, wéi een eis Gesellschaft positiv verännere kann.
An dëser drëtter Episode vu „Um Comptoir“ beschäftege mir eis mam Thema Biodiversitéit a froen eis ënnert anerem wéi et de Bëscher zu Lëtzebuerg geet, a wat et heescht dass de Wollef erëm zréck kënnt.
„Um Comptoir mam Rosch: En intergenerationellen Dialog iwwert d‘Biodiversitéit.”
Dësen Freiden de 26ten Mee 18:00 live op Instagram mam Laura Wangen (Aktiv bei move.) an dem Roger Schauls (Naturschutzgrupp vum Mouvement), dat ganzt wéi ëmmer am entspaanten Apero-Stil.
Dëst Event riicht sech un jiddereen dee wéi mir der Meenung ass, dass grad elo den Dialog mateneen de wichtegste Bausteen zu enger gudder Zukunft fir eis all duerstellt.
Schalt an, sief dobäi a stell deng Froen: Live op Instagram!

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci