Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Kloertext zu TTIP & CETA – mat move.

Säit engem Joer schaffe mer bei move. um Thema TTIP&CETA. Mir hunn mat Politiker geschwat, waren a Schoule Virträg maachen, hu Videoe gedréint an e Rollespill entworf. Am Kloertext op RTL während enger Table Ronde konnte mer eis direkt mat Politiker an Acteuren aus der Zivilgesellschaft austauschen. Hei wat geschitt ass…

Den Här Mosar gesäit am CETA eng Méiglechkeet fir sech mol endlech Ëmweltstandarten ze ginn an engem Weltmarché Dschungel. Wéi dat soll goen? Vläicht stoung et am Artikel den e virun der Sendung iwwert d’Thema gelies huet.

Awer och soss gouf sech virun allem mam Här Asselborn iwwer d’Interpretatioun vun dëse Fräihandelaccorde mat den USA a Kanada gestridden.Den Här Asselborn hat och guer keng Loscht déi aner ausschwätzen ze loossen.

Nodeems mer mat den 2 Politiker nach laang diskutéiert hunn a mer net mat zukunftsfäegen Argumenter zougeschott gi sinn, stelle mer eis weider d’Fro wéi mer an Zukunft liewen a schaffe wëllen a wat TTIP & CETA eis do bréngt ausser méi Fräiraum fir grouss Konzerner? An datt et deene net ëm héich Ëmwelt- a Sozialstandarte geet, schéngt eis och evident.

Déi ganz Sendung, wou den Tom an d’Karma mat diskutéiert hunn fannt der hei.

http://tele.rtl.lu/emissiounen/kloertext/956563.html


Date de publication : 19.09.2016

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci