Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Reporters – De Matthieu Hansen zum Monsanto Tribunal

If mother Earth could speak, Monsanto ought to be in jail long before now.
Nnimmo Bassey (Ambassadeur vum Tribunal) –

Bal ee Mount ass et hier dass sech d’Monsanto Tribunal[1] hei zu Den Haag ofgewéckelt huet. Experten an Aktivisten sin aus der ganzer Welt zesumme komm fir em déi, net nëmmen ëmweltschiedlech, mee och sozial negativ Konsequenze vun de Produiten aus de Monsanto Laboratoiren ze diskutéieren. Virun dem Monsanto Tribunal, dat leider nach inoffiziell war, hunn Affer aus der ganzer Welt viru 5 international renomméierte Riichter ausgesot. Des wäerte bis Fréijoer 2017 d’Aussoen evaluéieren an doropshi bekannt ginn zu wéi engem Ausmooss d’Multinationale verklot ka ginn. Dëst Tribunal ass eng Gesellschafts-Initiativ déi d’Notioun vum Ecocide[2] souwéi Mënscherechtsverletzungen déi duerch Monsanto begaange goufen der Ëffentlechkeet presentéieren, fir sou an Zukunft méi Opmierksamkeet dorop ze zéien. Monsanto hat natierlech och eng Invitatioun[3] zougeschéckt krit déi si mat engem oppene Bréif[4] ofgelehnt hunn.

Op der People’s Assembly, déi parallel zum Tribunal statt fonnt huet, hunn eng Rei international Aktivisten diskutéiert fir méiglech Verbesserunge fir eng méi nohalteg Landwirtschaft an Ekonomie ze kreéieren. Och iwwer Fräihandelsofkommes gouf vill diskutéiert. Bei engem méiglechen Ofschléisse vum TTIP wär d’Europäesch Unioun scheinbar ouni Muecht géint Kompanië wei Monsanto, déi bei engem Verbuet vu Glyphosat beispillsweis, d’Unioun a Milliardenhéicht kéinten ukloen. Donieft gouf och fir ee strikt Verbuet vum Import vu genetesch modifizéierte Produiten an Europäesch Unioun plädéiert. De gréissten Deel vun der europäescher Fleeschproduktioun baséiert op genmodifizéiertem Mais an Soja fir déi gigantesch Flächen un wäertvollem Bësch a Südamerika ofgeholzt ginn. Aus perséinlecher Siicht kann ech soen, dass dat d’Organisatioun vum Monsanto Tribunal ee groussen Erfolleg war, vill Wësse gouf ausgetosch an en éischte Schratt vun der Zivilbevölkerung géint onmënschlech Machenschafte vun enger Multinationale gouf ageleet.

Ënner http://de.monsantotribunal.org fann dir weider Informatiounen iwwert d’Tribunal, ënner anerem och d’Aussoe vun den Affer.

Matthieu Hansen

 

 

 

[1] D’Monsanto Tribunal ass eng zivil-gesellschaftlech Initiativ déi zum Ziel huet Monsanto wéinst hiren Mënscherechtsverletzungen an dem sougenannten Ecocide unzekloen.

[2] En Ecocide bezeechent Zerstéierung vun engem Ecosystem bedéngt duerch Mënsch oder aneren Grënn esou dass all Liewen an deem Areal staark beschränkt oder schlicht net méiglech ass.

[3] http://de.monsanto-tribunal.org/why-a-tribunal/latest-news/160606-letter-to-monsanto/

[4] http://www.monsanto.com/newsviews/pages/monsanto-tribunal-hague-open-letter.aspx


Date de publication : 21.11.2016

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci