Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Plastik an de Schoulen & Campagne „Rethink your drink“

Madamm Dieschbourg, Här Meisch,

Mir schreiwen Iech am Bezuch zum Plastiksoffall an eise Schoulen. Dass d‘Konsequenze vun eisem Plastikverbrauch verheerend fir eis Ëmwelt sinn, wësse mir jo usech alleguer. All Joer lande Milliounen Tonne Plastik an eisen Ozeaner. Och eis Flëss a Baache weisen ëmmer méi Réckstänn vu Mikroplastik op. Mir wëssen als Jonker och, dass mir alleguer gefuerdert sinn an eise Plastikverbrauch musse reduzéieren. Mir sinn awer och der Meenung, dass d’Politik elo konsequent handele muss an d’Léisung vun dësem Problem net deenen nächste Generatiounen kann iwwerloossen.

Duerfir gouf jo och de 7. November vun der Madamm Dieschbourg en nationalen Offallplang presentéiert. Dëst mam Zil bis 2022, 70 % vun eisem Verpakungsoffall ze recycléieren a 50 % vun eise Liewensmëtteloffäll am Verglach zu 2015 ze reduzéieren.

Da gouf awer dee selwechten Dag (!) vu Restopolis, déi dem Educatiounsministère ënnerstinn, eng Campagne ënnert dem Numm “Rethink your drink” virgestallt, wou et drëms geet, dass SchülerInne sollen hir zockerhalteg Drinks géint Waasser antauschen. Dëst Zil fanne mir och gutt a richteg. Allerdéngs stelle mer eis d’Fro firwat an dësem Zesummenhang gratis Plastiksfläsche verdeelt gi sinn, wéi gesot, grad deen Dag wou den Ëmweltministère seet mir sollen Offall vermeiden!? Mir fannen dat absolut net kohärent… hei schéngt deen ee Ministère net ze wësse wat deen anere mëscht an d’Regierung net un engem Strang ze zéien.

Ëmsou méi erstaunlech fanne mir dës Aktioun och nach, wëll Restopolis selwer d’läscht Joer mat enger Campagne ënnert dem Numm “Manger bien, c’est jeter moins” duerch d’Schoule gezunn ass. Mir stellen eis och d’Fro op d’Regierung nach Ministèresiwwergräifend d’Nohaltegkeet vun hiren Aktiounen am Bléck huet sou wéi se sech dat am Regierungsaccord virgeholl hat?

« Dans cet ordre d’idées, la protection de notre environnement jouera un rôle important. Le Gouvernement est conscient des responsabilités liées à la gestion des ressources naturelles de notre pays. Il s’engage à intensifier les mesures tendant à lutter contre le changement climatique et la dégradation de la biodiversité. »

« Tout en tenant compte des travaux préparatoires réalisés ensemble avec le Conseil Supérieur pour un Développement durable et la Commission interdépartementale du Développement durable, le Gouvernement mettra en oeuvre la fiche d’impact « développement durable » (Nachhaltigkeits-Check) pour les projets et les décisions gouvernementaux susceptibles d’avoir une incidence en termes de développement durable. »

Dës Campagne vu Restopolis ass eiser Meenung no net fäerdeg geduecht ginn a weist, dass d’Nohaltegkeet zwar um Pabeier oft ze fannen ass, awer och op Regierungsniveau an den ugeglidderte Strukturen net konsequent gelieft gëtt.

Firwat net einfach Plastiksfläschen, och déi entspriechend Waasserfläschen, komplett aus de Schoulen huelen?  Et gi jo awer einfach a praktesch Alternativen. Verschidde Schoule maachen et scho fir, an hunn an der ganzer Schoul Waasserspenderen installéiert, wou een entweder direkt kann drun drénken oder sech seng remverwäertbar Fläsch kann opfëllen. D’Verdeelen oder d’Verkafe vu remverwäertbare Gedrénksfläsche wier z.B. en éischte Schrëtt. Och dat maache scho verschidde Schoule vir.

Mir sinn der Meenung, datt hei eng gutt Méiglechkeet verpasst ginn as , fir den Offallplang vum Ëmweltministère mat Liewen ze fëllen. D’Schoul ass jo awer déi perfekt Platz fir Offallvermeidung zu enger Gewunnecht ze maachen. Wat hu mir dovunner wann ëmmer erëm Pläng virgestallt ginn, sech awer kee Gedanke mécht wéi dat an alle Gesellschaftsberäicher kann ëmgesat ginn?

Vue dass et wierklech einfach, praktesch a gutt Alternative ginn, fuerdere mir Iech op, déi Campagne ze iwwerschaffen an eng Initiativ ze starten, dass an Zukunft keng Plastiksfläsche méi an de Schoule verkaft ginn. Dat selwecht gëllt fir Eewee Barquetten, an deene Restopolis nach ëmmer op verschidde Platzen hir Menüen u SchülerInne verdeelt. Fir dass dëst net op e komplett Onverstoe vun de SchülerInne vun de Schoule féiert, ass et wichteg, dass an de betraffene Ministère sech och Gedanke gemaach gi wéi ee Jonker nohalteg sensibiliséiert. Et ass deemno ëmsou méi wichteg dass Ëmweltbildung vu klengem un an der Schoul gelieft gëtt.

Mir freeën eis op eng Äntwert an hoffen datt a ganz noer Zukunft déi entspriechend Mesure geholl ginn, fir dass och mir nach an Zukunft op dësem Planéit mat enger liewenswäerter Ëmwelt kenne liewen.

Bréif Meisch Dieschbourg – Final

 

 


Date de publication : 30.11.2017

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci