Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Repair-Rallye: We don’t want to be replaced! LU-FR-EN

Klick op d’Bild fir d’Graphik ze gesinn!

D‘Reparatur huet grouss Potentialer fir manner Ressourcen ze verbrauchen, fir de Klimaschutz, fir déi lokal Wirtschaft ze stäerken an Aarbechtsplazen ze schafen.

Wéinst dem Design kann een technesch Geräter oft net méi flécken. Ersatzstécker sinn iwwerdeems oft schwéier opzedreiwen a Reparaturen deier.

Mir mussen den Ëmgang mat eise Ressource ëmdenken!

Wat kann d’Politik maachen?

  • D‘Recht op Reparatur gesetzlech verankere fir datt technesch Geräter sou designt musse ginn, dat se kënne reparéiert a weider benotzt ginn!
  • Reparaturservicer manner besteieren

Wat kennen d’Geschäfter maachen?

  • Méi offensiv op Reparaturservicer hiweisen amplaz ëmmer nëmme mat neie méi performanten Apparater ze werben!
  • E Second-Hand-Rayon mat reparéierten Apparater ubidden.

Wat kennen d‘Schoule maachen?

  • Handwierksberuffer méi valoriséieren
  • Wäertschätzung vum Reparéiere vermëttelen

Wat kann ECH maachen?

  • Sech als éischt mol folgend Froe stellen: Brauch ech dat elo wierklech? Ass dësen Apparat reparéierbar? Kann ech mer deen Apparat net ausléinen?
  • Informéier dech iwwert den nächste Repair Café oder organiséier selwer een!
  • Aktiv ginn, datt d’Politik Virdeeler schaaft fir d’Reparatur!

FLYER ENGLISH VERSION

Repair Rallye EN

FLYER VERSION FRANCAISE

Repair Rallye FR

 

 


Date de publication : 17.12.2019

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci