Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Néi Kommunikatiounsplattform

Fir déi intern mee och extern Kommunikatioun ze vereinfachen an nach méi iwwersiichtlech ze gestalten huet move. een Discord-Server ageriicht.

Op aktive Moveler oder interesséierte Jonken, an eisem Discord fënns du all wichteg Informatiounen:

  • Wou a wéini ass déi nächst Versammlung?
  • Wéini ass déi nächst Excursioun oder Event?
  • Wou ass ee bestëmmte Projet grad drun?
  • Wéi eng Positioun huet move. zu engem bestëmmten Thema?
  • Wou fënnt een de Rapport vun der leschter Versammlung?
  • Wat stoung am leschte Kéisecker-Info iwwert move.?

Mee virun allem awer ass Discord eng Plattform fir mateneen iwwert aktuell Projeten ze diskutéieren oder och einfach mateneen ze schnëssen. An och fir deng Froen ass Discord déi perfekt Platz.

Mat dësem Link kanns du op de move.-Discord zougräifen:

https://discord.gg/PHKqNWA


Date de publication : 09.02.2021

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci