Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

“Um Comptoir” als Podcast op allen Kanäler ze héieren

“Um Comptoir“, dat ass den intergenerationellen Podcast vun @move.meco wou mir an all Episode mat engem Expert iwwert ee bestëmmten Thema schwätzen a wichteg Zukunftsfroen diskutéieren.

Um Comptoir ass een lockert Format dat den Dialog tëschent de Generatioune fërdert. Dobäi kréie Jonker d‘Méiglechkeet hier Froen zu verschidden Themen lass ze ginn. Vill Wäert gëtt och drop geluecht, Problemer unzeschwätzen, Léisungen ze sichen a politesch Fuerderungen ze formuléieren.

De Podcast kanns du all drëtte Freiden um 16:00 am Radio Ara lauschteren an du fënns en och op dëse Plattformen:

Du hues Loscht bei move. aktiv ze ginn a villäicht selwer eng Kéier eng Episode vun „Um Comptoir“ uze moderéieren? Oder du hues eng Iddi fir eng Episode, da mëll dech bei eis hei op Instagram oder per Mail op move@oeko.lu


Date de publication : 20.10.2020

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci