Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Fir eng Kantin mat Zukunft!

Restopolis brauch kloer Reegelen!

Iwwerschwemmungen, Liewensmëttel, Aartestierwen. Dat sinn alles Folge vun der Klima- a Biodiversitéitskris! Fir dass mir déi schlëmmst Folge vun dëse Krise verhënnere kënnen, muss jiddereen*t mathëllefen! Restopolis, déi mat méi wéi 70 000 Gäscht am Joer enorm vill Muecht an Afloss hunn, mussen onbedéngt Nohaltegkeet als éischt Prioritéit hunn. An dëst muss gesetzlech kloer festgehale ginn. Move. a Youth for Climate Luxembourg fuerderen eng nohalteg Kantin mat Zukunft!

Eis Fuerderungen:

  1. Mir wëllen, dass d’Iessen an de Kantinne gutt fir d’Ëmwelt ass: vill méi bio, saisonal a regional! Dobäi wëlle mir och gutt vegaant a vegetarescht Iessen!
  2. D’Lëtzebuerger Bauere sollen och eng Chance kréien u Restopolis ze verkafen! Restopolis soll ophalen virun allem bei grousse Produzenten anzekafen mee mat lokale Baueren zesummeschaffen.
  3. Mir wëllen och, dass d’Kächinnen an d’Käch léiere, bessert vegaant a vegetarescht Iessen ze kachen. Et soll net all zweeten Dag Quorn, Zalot oder Nuddelen ouni Zooss ginn.
  4. Mir wëllen, dass an de Kuere méi iwwert d’Klimakris an d’Biodiversitéitskris geschwat gëtt. Besonnesch doriwwer, wéi Iessgewunnechten mat der Ëmwelt an eisen Emissiounen zesummenhänken!
  5. Experten an Expertinnen déi sech mat Ernierung, Klimaschutz a Landwirtschaft richteg gutt auskënne, solle Restopolis hëllefen eis Fuerderungen emzesëtzen!
  6. De Staat muss bäileeë fir eis Fuerderungen ze realiséieren (besser Ausbildung fir d’Kichepersonal an Expert*innen)!
  7. Bio a lokaalt Iessen ass méi deier, wéi d’Majoritéit vun de Produiten déi Restopolis bis elo benotzt huet! Mir sinn dogéint, dass mir als Schüler*inne méi bezuele sollen, nëmme wëll mir der Ëmwelt net schuede wëllen. Et gi vill Strategie mat deenen een engem méi héije Präis aus dem Wee goe kann: Elleng scho wa Restopolis manner Fleesch akeeft a méi vegetaresch a vegan Produkter, kenne Sue gespuert ginn!

Mir wëlle keng eidel Verspriechen! Eis Fuerderunge sollen an dat néit Gesetz vu Restopolis kommen, wat dëst Joer an der Chamber beschwat gëtt. Sie sollen esou gesetzlech verflicht ginn zu enger wierklech nohalteger Kantin ze ginn! Mir erwaarden eis vun dem Educatiounsministère, vun alle politesche Parteien an den Deputéierten, datt dat esou kloer an d’Gesetz era stoe kennt.

Eis Fuerderungen am Détail:

Als Jonker, déi e groussen Deel vun de Konsument*inne vu Restopolis ausmaachen, ass et eis immens wichteg eng nohalteg Ëmstellung vun de lëtzebuergesche Kantinnen ze erreechen. Wa mir iwwert de Klimawandel an d’Biodiversitéitskris schwätzen, da geet et nämlech em eis Zukunft: Eng Institutioun wéi Restopolis, déi sech u jonk Léit riicht, soll sech besonnesch Méi ginn, eist Recht op eng liewenswäert Zukunft ze schützen.

An eiser Erfarung ass d’Philosophie vu Restopolis awer eng aner: All Dag wéineg bio, wéineg lokal, eng exzessiv Fleesch Offer a minimal Variatioun bei de vegetaresche Menüen. Vun enger adequater veganer Alternativ guer net ze schwätzen. Eng ofwiesslungsräich a gesond Ernierung heescht fir eis eppes aneres.

Restopolis huet sech mat hirer néier Campagne “Food4Future” grouss Zieler gesat. Och wann des nach net konkret genuch sinn, schéngt Restopolis awer an déi richteg Richtung ze denken. Et ass ze begréissen, datt Restopolis heimat eng Partie wichteg Ännerunge maache wëll, déi och fir eis wichteg sinn. Mir wëllen awer keng eidel Versprieche vu Restopolis, mir mussen eis sécher kënne sinn, dass si sech och drun halen. A virun allem ginn eis hier Verspriechen a punkto lokal, saisonal, bio oder planzlech net wäit genuch.

Vum Ministère heescht et, dat wär net néideg et bréicht ee keng Zieler am Gesetzestext festzehalen, well Nohaltegkeet an de Kantinnen eng Selbstverständlechkeet wier. Grad elo bitt sech d’Geleeënheet, Restopolits kloer virzeschreiwen, wéi si schaffe sollen. Dat well den néie Gesetzesprojet N°7792, mat deem d’Missioun an de Fonctionnement vu Restopolis gesetzlech festgehale soll ginn, elo gläich an der Chamber beschwat soll ginn. Eng Verankerung am Gesetzestext N°7792 wär fir eis awer eng Versécherung, dass Restopolis sech wierklech u seng Verspriechen hale well. Nëmmen esou hu mir eng Garantie, datt och wierklech eppes geschitt.
Mir wënschen eis, datt Restopolis als Verwaltung vum Staat zu engem Virreider vun der nohalteger Entwécklung gëtt an dat muss an engem Gesetz virgeschriwwe ginn.

Net alles kann duerch d’Campagne ”Food4Future” geléist ginn. Mir fuerderen also konkret:

  1. Mat der Food4Future Campagne, versprécht Restopolis, am Aklang mam Bioaktiounsplang anzekafen, an esou 2025 op 20% bio ëmgestallt sinn. Restopolis wëll also den absolute Minimum maachen! Laut der “Planetary Health Diet” sollen ¾ vun engem Plat planzlech sinn. Restopolis huet dëst awer net a seng Zieler agebonnen. Net nëmme produzéiert d’Fleesch- an d’Mëllechindustrie immens vill Zäregasemissiounen, mee den exzessive Fleeschkonsum wierkt sech och negativ op d’Gesondheet aus.
  2. Innerhalb vun enger Woch zerwéieren all d’Kantinne vu Restopolis ongeféier dat selwecht Iessen. Dat verhënnert awer, dass och Liewesmëttel vun eenzele Baueren oder Kooperativen aus Lëtzebuerg oder der Groussregioun kenne geholl ginn. Fir eis ass wichteg, dass sech kleng, lokal Produzent*innen och un den Ausschreiwunge fir d’Liewesmëttel an de Kantinne bedeelege kéinten. Dofir muss d‘Akafspolitik dezentraliséiert ginn: amplaz am ganze Land di selwecht Platen ze zerwéieren a just bei „grousse Fournisseuren“ anzekafen, brauche mir méi Vilfalt.
  3. An der Food4Future Campagne schwätzt Restopolis selwer vu weidere Formatioune fir hiert Kichepersonal: Mir fannen et immens wichteg, dass et eng Aus- und Weiderbildung vum Kichepersonal an der vegetarescher a veganer Kichen wierklech séchergestallt ass. Och sollen si d’Méiglechkeet hunn, sech iwwert d’Themen Liewensmëttelverschwendung, ekologescht Akafen an eng ausgewogen Ernierung z’informéieren.
  4. Mat hire Sensibiliséirungsversich erreecht Restopolis kaum Schüler*innen; wéineg huelen sech eng Broschür mat, déi manst liesen se. D’Thema Ernierung muss nohalteg an de Schoulprogramm agebonne ginn, an dëst länneriwwergräifend: D’Thema Ernierung a Landwirtschaft werft Froen am naturwëssenschaftleche, am gesellschaftlechen an och am politesche Beräich op.
  5. Am Gesetzestext gëtt vun engem reng consultativen groupe d’accompagnement geschwat, dee Restopolis an der Ëmsetzung vun hiren Ziler begleede soll. Mee d’Zesummesetzung vun dem Grupp léist ze wënschen iwwreg. Fir eng wierklech nohalteg Ëmgestaltung vu Restopolis ze erméigleche brauche mir Léit vum Terrain aus ganz verschiddene Beräicher (wéi z.B. Ernierungsberoderinnen, Baueren, Expertinnen). Inspiratioun fir esou e Grupp kann een zum Beispill beim däneschen Madhus fannen, déi mat Hëllef vun engem änleche Gremium eng Transitioun mam Endresultat vun 90% biologesche Liewensmëttel an der kollektiver Restauratioun erreecht hunn. Parallel heizou ass et immens wichteg, de Konsument*innen eng Stëmm an eng reel Chance fir matzeschwätzen ze ginn. Bis ewell bleift dat éischter op der Streck, well Restopolis d’Entscheedungskraaft eleng dréit.
  6. Fir eis Fuerderungen z’erméigleche brauch et eng Investitioun vum Staat: Des soll genotzt gi fir eng nohalteg Ëmgestaltung vu Restopolis anzeleeden, esou also an d’Weider- an Ausbildung vum Personal fléissen an d’Käschte vum groupe d’experts iwwerhuelen.
  7. Fir Liewesmëttel muss de faire Präis bezuelt ginn. Trotzdeem muss verhënnert ginn, dass d’Transitioun op Käschte vun Schüler*inne geschitt. Dowéinst soll de Staat bereet sinn, ggf méi an d’Liewensmëttelversuergung ze investéieren. Et soll alles gemaach ginn, datt all eis Fuerderungen ouni en Uklamme vun de Menüpräiser kënnen ëmgesat ginn. An duerch eng gezielt Akafspolitik léist sech och Geld spueren: andeems beispillsweis nach méi verstäerkt gekuckt gëtt datt Produitë komplett verwäert ginn (“nose to tail” Prinzip). Et ass och gewosst, datt planzlech Produite oft méi bëlleg sinn wéi déieresch Produiten. Duerch eng vegan a vegetaresch Kiche léist sech also Geld spueren (a natierlech och Klima a Biodiversitéit schützen).

Dës Fuerderunge mussen an de Gesetzestext stoe kommen! Mir wëlle keng eidel Verspriechen!


Date de publication : 03.03.2022

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci