Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. Aktioun: Lucky Saturday – Massekonsum war gëschter!

LU: Hei fënns du de ganze Flyer an eis Fuerderungen

EN: find our flyer and our demands here

FR: notre dépliant et nos revendications se trouvent ici

De Black Friday huet dëst Joer de 25. November stattfonnt (oder war et awer déi ganz Woch? E ganze Mount?!) Fir déi eng ass dat eng grouss Geleeënheet, mat Mega-Reduktiounen ze lackelen, fir datt mir ganz vill nei Saachen zu reduzéierte Präisser kafen. Saachen, déi mir eigentlech guer net brauchen.

📣 Fir move. war dat d’Geleeënheet eng cool Aktioun ze starten! A fir d’Fro ze stellen: Brauche mir wierklech ëmmer méi Konsum a Wuesstem, fir glécklech ze ginn?

D’Problemer, déi duerch den héije Konsum entstinn, si bekannt: Eis natierlech Ressourcen op dësem Planéit si begrenzt, an oft ginn d’Mënschen an de Länner vum globale Süden ausgebeut, fir datt mir hei Bëllegwuere kafe kënnen. move. steet dofir an, datt mir als Gesellschaft an als Wirtschaft aner Prioritéite setzen.

Duerfir ware mir de 26. November am Kader vun eisem LUCKY SATURDAY an der Groussgaass beim Roude Pëtz an hu mat eisem selwergemaache Glécksrad net-materiell Kaddoe verspillt, déi d’ Participanten och ouni Konsum glécklech maache konnten. D’Participanten hunn sech och ëmmer iwwer dat neit vegaant Rezept, de Wëllplanzesom fir an de Gaart oder ee Wonschlidd gefreet.

Och de Wirtschaftsminister Franz Fayot ass op eis Invitatioun hi laanscht komm an huet un eisem Glécksrad gedréint. Do virdrun hu mir him awer nach eise Flyer, mat Illustratioune vum Lynn Theisen, an eis Fuerderungen a Presenz vun der Presse presentéiert. De Wirtschaftsminister huet eis Fuerderungen ënnerstëtzt an ënnerstrach, datt hie schonn op verschidden Niveauen esou Entwécklungen ugestouss huet, z.B. datt d’Indicateure vum PIB du bien-être beim Budget eng méi grouss Roll spille sollen. Méi spéit si mir dunn och nach mat der Kultur- a Justizministesch Sam Tanson an d’Gespréich komm, wéi si op eise Stand laanscht komm ass.

Et war eng nei a spannend Erfarung, esou eng Aktioun ze plangen an d’Fuerderungen op enger Pressekonferenz a Presenz vun engem Minister ze presentéieren. Mir sinn also um Weekend vum Black Friday mat engem gudde Gefill heemgaange – och ouni, datt mir vun de Mega-Reduktioune profitéiert haten.

Eis Fuerderungen

  • Am Moment ass eise wirtschaftleche System drop ausgeluecht, datt mir ëmmer weider wuessen. Ausgedréckt gëtt dat am „Bruttoinlandprodukt“ (BIP). Ma wann eis Wirtschaft wiisst, heescht dat net onbedéngt, datt d’Wuelbefanne vu Mënsch an Natur klëmmt. D‘Wuelbefannen an de Wuelstand vun de Bierger :inne sollen an Zukunft anescht gemooss ginn.  Dofir soll de „PIB du bien-être“, deen och Aspekter wéi Gesondheet, Ekologie a reellt Wuelbefanne kuckt, als Haaptindex genotzt ginn, an net de BIP.
  • Déi lëtzebuergesch Entreprisë solle verflicht ginn dorop opzepassen, datt bei der Produktioun vun hire verkaafte Wueren och am Ausland Mënscherechter an ökologesch a sozial Standarden agehale ginn. Dat wier méiglech, iwwert e sougenannt nationaalt Liwwerkettegesetz (devoir de vigilance), esou e Gesetz brauche mir.
  • Mir mussen eis vill méi séier hin zu enger Kreeslafwirtschaft entwéckelen, amplaz datt ëmmer nei natierlech Ressourcen opgebraucht ginn. Dofir soll vum Staat op alle Niveauen d’Kreeslafwirtschaft gefërdert ginn. Duerch Gesetzer, duerch verbessert TVA-Sätz a villes méi ka gereegelt ginn, datt et méi einfach a gënschteg gëtt ze reparéieren, ze deelen oder ze verwäerten, ewéi nei ze kafen. 
    • Zum Beispill ass d’TVA op Second Hand Kleedung am Moment genau d’nämmlecht héich wéi déi fir nei Kleedung. Dat, obwuel duerch de Verkaf vun dëse gebrauchte Kleeder jo guer keng “Valeur Ajoutée” bäikomm ass. Duerch d’Erofsetze vun der TVA kéint ee Second Hand och präislech vill méi attraktiv maachen.
    • Zum Beispill sollen technesch Geräter vun Ufank un esou designt ginn, datt se séier mat eenzelen Ersatzstécker rem gefléckt kënne ginn. 
    • Och an de Gemenge brauche mir méi Plazen an Initiativen, wéi z.B. Ressourcenzentren (amplaz Recyclingzentren), Repaircaféen oder Bitzcoursen an de Schoulen, fir datt den éischte Reflex net méi ass, gebrauchte Saachen direkt ewechzegeheien oder „just“ ze recycléieren.

Fotoen: Max Lucas


Date de publication : 23.11.2022

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci