Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Ureegenden Diskussiounsowend am Gudde Wëllen: Jonker schwätze mat!

An der Ouschtervakanz huet eis Diskussiounsronn am Gudde Wëllen stattfonnt. Ënnert dem Titel «Klimakris, Engagement, Walen a villes méi…Jonker schwätze mat!» hu mir et eis mat Drinks, vegan/vegetarescher Pizza a Popcorn bequeem gemaach. Mir hunn doriwwer geschwat, wéi jonk Leit sech hautzedaags engagéiere kënnen, wéi si sech drop virbereeden fir eng éischte Kéier wielen ze goen an firwat et sënnvoll wier, och schonn e Walrecht ab 16 ze hunn. Verschiddener hunn erzielt, wéi si sech schonn an hirer Schoul, an hirer Gemeng, am Jugendhaus oder bei move. engagéieren, a wat si motivéiert. Besonnesch cool ass et, wann ee mierkt, datt een eppes a sengem Ëmfeld verännere kann. Ee Jonken huet zum Beispill dovu gezielt, datt hien matgehollef huet, de Wee bis a säi Lycée méi vëlosfrëndlech ze maachen, an datt säitdeem och méi Schüler:innen mam Vëlo an d’Schoul fueren.

Mat dobäi waren de Minister fir Energie a Landesplanung, Claude Turmes, an d’Blanche Weber, Präsidentin vum Mouvement Ecologique. Béid hu betount, datt si zënter laangem aktiv sinn, well si dru gleewen, datt een eppes am Positive verännere kann duerch säin Engagement, op een dat elo an enger Organisatioun mécht oder an enger Partei. Mais och ganz wichteg ass fir si, datt et och fir ee perséinlech ganz beräicherend ass, wann een sech an engem Grupp vu Gläichgesënnte fir eng besser Zukunft asetze kann. Do ware mir eis och alleguerten eens. Et gouf och betount, datt et wichteg ass, konstruktiv a respektvoll mateneen ze diskutéieren an gemeinsam no de richtege Weeër ze sichen an déi ëmzesetzen.

Et war e liewegen an ureegenden Austausch tëschent alle Leit, dee sécherlech jidderengem eppes bruecht huet. Esouwuel deene méi Jonken, wéi och deene Leit déi scho méi laang derbäi sinn.

D’Alice vu move. war och mat dobäi: “Den Owend war interessant, ech hu gären nogelauschtert. Et war och ganz wichteg fir mech ze wëssen wat aner Leit (dei net onbedingt nëmmen fir d’Emwelt kucken) fuerderen. Den Owend war wierklech chill an ech konnt heiansto gutt laachen, ech beréien net komm ze sinn!”


Date de publication : 06.04.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci