Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.your.voices am Oekozenter – Dat war ee (move.) Fest!

Den 22. Abrëll war am Oekozenter rëm eng méi lass! Fir d’move. Fest hunn sech nees vill Jonker a manner Jonker am Pafendall getraff fir zesummen eng gutt Zäit ze verbréngen a sech auszetauschen, dëst bei guddem Iessen a mat Musek vu coole Bands. Wéi gewinnt waren och eng Rei flott Aktivitéite geplangt, déi sech – wéi kéint et anescht sinn – ronderëm d‘Superwaljoer 2023 gedréint hunn.

D’move-ler hunn sech scho moies am Oekosoph getraff fir d’Iessen ze preparéieren an d’Zelt ze dekoréieren. Wéi et dunn um 16 Auer offiziell lass gaangen ass, war den Eck fir de Kleedertausch prett an och eng Leinwand war opgeriicht, op där d’Leit opschreiwe konnten, wat si sech vun enger Gemeng fir d’Zukunft wënschen an erwaarden.

Um hallwer 6 war et Zäit fir d’Pubquiz zum Superwaljoer. 6 Ekippe ware mat dobäi an hunn sech de Froen an de Kategorien (1) Walen (2) Parteien an (3) Theme gestallt. Säit wéini duerfe Fraen zu Lëtzebuerg wielen? Wéi vill Parteie presentéieren dest Joer Kandidat:innen bei de Gemengewalen? A wéi eng Partei huet sech an hirem Walprogramm am meeschte mam Thema Klimakris ausernee gesat? Des a méi Froen hunn net nëmme fir Kappzerbrieches, mee och fir lieweg Diskussioune gesuergt. D’Gewënnerekipp „Tommy“ huet sech mat ganzen 19 vu 30 méigleche Punkten duerchgesat an sech domat den Haaptpräis, en Iessen am Oekosoph, geséchert.

Den Owesprogramm war haaptsächlech vun de Concerten op der Terrass vum Oekosoph gepräägt. Mat Lyra, enger Indie/Alternative-Band an Dystate, déi Art-Rock Musek maachen, waren direkt zwou Schülerbands aus dem Kolléisch um Fest mat dobäi. De Publikum konnt et sech beim reeneregen Abrëllswieder am Zelt bequeem maachen, a bei gudder Musek de vegane Kebab genéissen. Dank dem Team vu Fräiwëllegen aus dem Mouvement Ecologique an dem Oekozenter ass keen:t laang duuschtreg oder hongreg bliwwen.

Virum leschte Concert huet move. sech dunn eemol kuerz virgestallt. Well vill Jonker do waren, déi move. nach net kannt hunn, huet d’Alice erkläert wat move. mécht a firwat mir eis asetzen, an huet si motivéiert eis Fuerderungsleinwand auszefëllen a sech fir eisen Newsletter unzemellen. Dat war eng gutt Geleeënheet, fir mat de Jonken an d’Gespréich ze kommen an sie op eis Versammlungen anzelueden.

Den Ofschloss vum Fest huet dunn Le Vibe gemaach, eng lëtzebuergesch Reggae-Band déi aus 7 talentéierte Musiker:innen besteet. Et gouf vill gedanzt a matgesongen. Duerno war souguer nach e bëssi Energie iwwreg, fir zesummen ofzeriichten an ze raumen.

Mir hunn eis immens iwwert déi vill Leit gefreet, déi trotz dem Reen laanscht komm sinn an esou dozou bäigedroen hunn, dass d’move. Fest nees een Erfolleg ginn ass. Elo hu mir allzäit genuch Gespréichsstoff fir déi nächst Versammlungen a fir eis prett fir d’Superwaljoer ze maachen.


Date de publication : 14.04.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci