move. Fest 2024 – den 8. Juni am Oekozenter
Den 8. Juni ass nees eng méi lass bei move.! Wéi all Joers organiséiere mir rëm eist move.Fest, mat coole Bands, guddem Iessen a flotten Aktivitéiten. Komm laanscht, bréng deng Kolleegen mat oder léier cool nei Leit kennen 🙂
Lass geet et um 14 Auer, mat enger Exkursioun duerch de Pafendall, zesumme mam Biolog Roger Schauls. Hien erzielt eis, wéi eng Liewensräim een hei ronderëm den Oekozenter fënnt a wat mir maache kënne fir bedreeten Aarten och weider ze schütze resp. méi “urban” Biodiversitéit ze erméiglechen. Fir eis d’Organisatioun ze erliichteren, wier et super wanns du eis Bescheed soe kéints, wanns du bei der Excursioun dobäi wëlls sinn!
Um 15h30 Auer kanns du däin (nei gewonnent) Wësse ronderëm eis Ëmwelt an de Klima bei engem Pubquiz testen an dech fir déi nächsten Diskussioun um Iessensdësch mat interessante Fakten an Zuele wappnen! Bréng deng Kolleege mat a mellt är Ekipp fir de Quiz un!
Wien wëll kann och scho mëttes ab 12 Auer hëllefen, fir ze preparéieren an opzeriichten. Du hues Zäit a Loscht en Dessert (am Léifste vegan, lokal a bio) ze preparéieren? So eis einfach Bescheed: move@oeko.lu oder op Instagram.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt, an d’Entrée ass, wéi ëmmer, gratis 🙂
Programm
- 14h00: Excursioun am Pafendall mam Biolog Roger Schauls
- ab 15h: Kleedertauschparty, Fuerderungsleinwand, Chill Eck
- 15h30: Biodiversitéits-Quiz
- ab 17h: Live-Musik (ënner anerem mat der Band ‘Atomic Pearls’), Iessen a Gedrénks
Date de publication : 04.06.2024