Op der Sich no engem neie Workshop fir d’Rentrée?
Mir vu move. – de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique – hunn eis an de leschte Méint intensiv mam Thema Zukunft vun der Landwirtschaft ausernee gesat. Ausgaangen si mir vun der Feststellung, datt mir e Wiessel brauchen an eiser Aart a Weis wéi mer Iessen a Liewensmëttel produzéieren. Gëtt et eng Landwirtschaft déi gutt fir de Mënsch an d’Natur ass? Wat kënne mir als Konsument:inne maachen? Wat kann d’Politik maachen?
Heifir hu mir Interviewe mat Politiker:innen, Baueren a Leit aus der Zivilgesellschaft gefouert. Dës wäerten als Basis fir d’Diskussioun beim Workshop déngen, a verschidde Perspektiven op d’Problematik werfen. D’Fro „wéi mir an Zukunft nach kënne Liewensmëttel produzéieren a konsuméieren“ geet eis nämlech all eppes un. Ee Beispill fir d’Videomaterial, dat als Support fir de Workshop déngt, ewéi och en Erfarungsbericht vum Workshop, dee mir am Juni an der Ecole Privée Fieldgen gehal hunn, fannt Dir hei.
De Workshop bitt sech am Beschten fir Klasse mat Schüler:innen ab 15 Joer un. En dauert 4 Schoulstonnen, an deenen d’Schüler:innen zesumme mat de Jonke vu move. Recherche maachen, diskutéieren an argumentéieren an esou e Verständnis fir déi aktuell Problematik a méiglech Léisungsweeër kréien. Zil ass et, fir um Enn a Gruppen eng interaktiv Presentatioun oder e Rollespill virzedroen, wou déi ënnerschiddlech Perspektiven duergestallt ginn.
Du wëlls méi iwwert dëse Workshop gewuer ginn, oder e souguer an denger Schoul ëmsetzen? Dann schreif eis op move@oeko.lu!
Date de publication : 11.09.2024