A place for our future: move. um Oekofest
Den 22. September war d’Oekofest am Pafendall, a move. war des Kéier mat engem ganz besonnesche Stand present. Zesumme mat der young Caritas hu mir een Atelier zum Thema “A place for our future” zesummegestallt. Et ass drëms gaangen, eng Stater Parkbänk ze bemolen, an doduerch d’Wäerter an Iddie vu move. auszedrécken a fir de Public visibel ze maachen.
An de Woche virum Oekofest hu mir eis an de move. Versammlungen iwwerluecht, wéi mir eis am beschten uleeën, fir d’Bänk ze bemolen a wéi een d’Leit um Oekofest abanne kéint. Eis war et nämlech och wichteg, dass d’Leit de move. an eis Projete besser kenneléieren.
D’Visiteure vun eisem Stand konnten dofir fir d’éischt un eisem Glécksrad dréinen, dat mir fir eis Aktioun “Lucky Saturday” virun zwee Joer gebaut haten. All Faarf um Glécksrad steet fir ee vun eise gréissere Projeten, déi mir op klenge Factsheets beschriwwen hunn an déi och fir ënnerschiddlech Thematike stinn. Huet een zum Beispill déi rout Faarf gedréint, da konnt een sech de Factsheet vun der “Plastikparad” duerchliesen, wou mir virun e puer Joer eng Parad duerch d’Stad Lëtzebuerg organiséiert haten, fir op den iwwerméissege Plastikverbrauch opmierksam ze maachen. Hei hu verschidde Leit z.B. eng Schildkröt oder Fläschen oder Schallimoen op d’Bänk gemoolt. Huet een déi rosa Faarf gedréint, da konnt een z.B. e Spaghettisteller am Kader vum Veggie Monday molen, oder e Vëlo fir d’move. Gemeng bei der gieler Faarf.
D’Resultat ass eng ganz faarweg Bänk, déi een sech gär méi laang ukuckt a wou et vill kleng flott Zeechnungen ze entdecke gëtt.
Wou kënnt dës Iddi hier?
D’Iddi, fir eng Parkbänk unzemolen, hu mir eis beim Projet “A place for tolerance” vun der young Caritas ofgekuckt. Bei hirem Projet ass et drëms gaangen, eng Bänk an de Faarwe vun engem LGBTQI+-Fändel ze bemolen an dës an e Stater Park opzestellen, fir esou ee Statement fir Solidaritéit an Diversitéit ze maachen.
Och eis Bänk wäert an e Park net wäit vum Oekozenter stoe kommen. Do virdru musse mir se awer nach lackéieren, fir dass se waasserdicht ass a méi laang hält. Dir kënnt bei ärem nächsten Trëppeltuer am Pafendall jo mol d’Aen no enger faarweger move. Bänk ophalen (se ass och schwéier ze iwwersinn…).
Merci all de Leit déi matgehollef hunn, fir eisen Engagement an eis Iddien fir d’Zukunft, eis Aktiounen an Aktivitéiten op eng méi kreativ Aart a Weis duerzestellen.
Date de publication : 26.09.2024