Dat war den éischten Zukunftshaff!
Déi éischt Editioun vum Zukunftshaff läit hannert eis. An och wann dëst Joer nach net vill Leit a Bauerenhäff dobäi waren, war et e super Testlaf fir eisen neie Projet. Mat dobäi hate mir 2 ganz ënnerschiddlech Häff, an zwar de Kass Haff, ferme pédagogique a Bio Haff zu Rolleng an den Haff Om Béchel, och eng ferme pédagogique a spezialiséiert op Ieselen.
Déi jonk Participanten hunn e ganze Weekend op den Häff verbruecht, matgeschafft an de Betrib kennegeléiert. Ausserdeem haten si d’Geleeënheet, Froen ze stellen an en Austausch ze hunn.
„Mir, 2 moveler, hunn zwee Deeg um Kasshaff zu Rolleng verbruecht. Mir hunn déi vill verschidden Aufgabe vun engem Bauer kennegeléiert an och matgehollef. Vue dass et sech ëm eng ferme pédagogique handelt, feieren do all Weekend Kanner mat hire Kolleegen hire Gebuertsdag.
Mir konnten dem Bauer Tom all méiglech Froen iwwer Landwirtschaftspolitik, Klimawandel an d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg stellen an hu vill iwwert déi Saache bäigeléiert!“
-Julie & Chiara
Éier de Projet 2025 an eng zweet Ronn geet, gëtt en nach vu move nobereet, fir ze kucken, wat mir maache kéinten, fir déi nächst Joren méi Häff a Jonker u Bord ze kréie fir esou vill wéi méiglech Leit esou eng flott Erfarung erméiglechen ze kënnen.
“Bei mir ass et Moies Fréibieren och scho lass gaangen um 6 Auer. Mir war scho bewosst, dass een als Bauer net e Laangschléifer däerf sinn. An och Weekends gëtt et keng Ausnamen. Dozou kennt dass ech um Haff Om Béchel zwou Säite gesinn hunn. Sech engersäits em d’Ieselen, Päerd, Geessen, Hinger, etc. ze këmmeren, mee och em de Verkaf vu Liewensmëttel, also no sengem Feld voll mat verschiddenen Zorte Geméis ze kucken.
Mir huet et richtege gutt gefall, well een ëmmer baussen an der Natur ass, ausser et steet Bürosaarbecht un, mee do gouf ech verschount. An ech war dauernd a Kontakt mat all Zorte vun Déieren. Ech hu gemierkt dass et eng usprochsvoll Aarbecht ass, déi awer vill Villfalt huet. Mir ass bewosst ginn dass vill Aarbecht hannendrun stécht bis eis Muerten am Cactus léien, an dat een oft ënnerschätzt wei vill Impakt et huet wou a wat ma akafen!”
-Jo Ann
Du bass interesséiert fir nächst Joer (2025) beim Zukunftshaff mat dobäi ze sinn? Dann schreif eis elo schonn op move@oeko.lu!
Kuck hei eran an eng kleng Fotogalerie vum Zukunftshaff:
Date de publication : 01.10.2024