Optakt vum move. Brunch: eng hierschtlech Affär
Leschte Weekend ass de move. Brunch a seng éischt Ronn gaangen. Passend zur Joreszäit, stoung de Workshop ganz am Zeeche vun de Käschten.
Fir d’éischt hu mir eis mat engem ganz ofwiesslungsräiche Brunch-Buffet gestäerkt, mat ënner anerem selwergemaache Muffins, Wafelen, Frittata an Zopp, a sinn esou ganz gemittlech an de Workshop gestart.
Dunn koum de méi kreativen Deel mam Lori. D’Lori ass Natur-, Wëllplanzen, a Wildnispädagogin a bitt Workshops fir Grouss a Kleng aus der Wëllplanzenwelt un. A wann ee mat deem schaffe well, wat d’Natur engem dee Moment bitt, da kennt een am Oktober net laanscht d’Käschten. Méi aussergewéinlech war awer dat, wat mir duerno aus de Käschte gemaach hunn: Shampoing fir an d’Hoer!

Mir hu schonn am Virfeld Käschte gesammelt, well mir wossten, dass mir der relativ vill brauche géifen. Jiddereen huet sech ee Knäip geholl an d’Käschte kleng geschnëppelt, fir dass se duerno am kachende Waasser (zesumme mat e puer Äppel) méi séier mëll ginn an Antioxidanten fräi ginn. De Shampoing hu mir duerno mat Fluesssom (op däitsch Leinsamen) verdéckt an zum Schluss nach e puer Drëpsen äthereschen Ueleg dra gemaach. De Shampoing hält sech eng Woch laang am Frigo a mir testen och nach ob een en afréiere kann. Ween also gemengt huet, dass just d’Iesskäschten clever verwäert kënne ginn, deen huet dee Moien nees eppes bäigeléiert 😊
Mir freeën eis schonn op den nächste Brunch, de 24. November. Save the date!

Date de publication : 30.10.2024