Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Move. Brunch am Dezember: et gouf gepunchneedelt

No engem flotten éischte move. Brunch am Oktober, hu mir den 1. Dezember eng zweet Editioun mam Ceci vu Ceci’s Creative Hub organiséiert. Bei gudde Snacks a bei besënnlecher Chrëschtdagsmusek, huet d’Ceci eis gewisen, wéi ee mat der Technik vum Punchneedling flott Ënnersetzer an/oder Schlësselunhänger maache kann.

Am Gepäck hat d’Ceci e ganze Koup Materialien, Woll, eng Powerpointpresentatioun mat ganz genauen Uweisungen an och scho virgemaachten Ënnersetzer, un deene mir eis inspiréiere konnten. Zur Auswiel stoungen d’move Blat, eng Äerd, oder och nach eise sexy Brokkoli. Déi méi kreativ ënnert eis hunn sech souguer hiert eegent Motiv iwwerluecht – op de Fotoe sinn alleguerten déi flott Resultater ze gesinn.

Punchneedling ass zwar eng ganz individuell an och e bëssi eng meditativ Aarbecht, an awer war et ni roueg am Sall. Et war eng gutt Geleeënheet fir sech niewebäi ze ënnerhalen an auszetauschen an dobäi och nach gutt z’iessen. D’move-ler haten op en neits ee richteg gudde veganen a vegetaresche Buffet zesummegestallt, mat Frittata, Wraps, Brioche, Uebst, Zopp an natierlech leckere Mëtschen 😊

Du hues dëst Event leider verpasst? Keng Suerg, am neie Joer wäert och rëm en neie move. Brunch organiséiert ginn. Mir freeën eis op dech!


Date de publication : 03.12.2024

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci