Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Den Zukunftshaff goes Jugendpräis 2025

Déi éischt Editioun vum Zukunftshaff läit hannert eis. Vum 12. bis den 15. September hunn déi jonk Participanten e ganze Weekend op den Häff verbruecht, matgeschafft an de Betrib kennegeléiert. Ausserdeem haten si d’Geleeënheet, Froen ze stellen an en Austausch ze hunn. Mat dobäi hate mir 2 ganz ënnerschiddlech Häff: de Kass Haff, ferme pédagogique a Bio Haff zu Rolleng an den Haff Om Béchel, och eng ferme pédagogique a spezialiséiert op Ieselen. Méi Infoen zur Editioun 2024 sinn hei ze fannen: https://move.meco.lu/2024/10/01/dat-war-den-eischten-zukunftshaff/

Du kanns beim Zukunftshaff 2025 mat dobäi sinn! Schreif eis einfach op move@oeko.lu a mir mellen eis bei dir, wann déi nei Editioun lancéiert gëtt.

Kuck hei eise Video, mat deem mir eis fir de Jugendpräis 2025 beworben hunn:


Date de publication : 28.01.2025

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci