Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Nei Broschür: Iesse fir d’Zukunft an denger Schoul!

Hues du dech schonn eemol gefrot, wat d’Iessen an denger Schoul mat der Zukunft vum Planéit ze sinn huet? Genee dorëms geet et an der neier Broschür vu move. “Iesse fir d’Zukunft an denger Schoul”: Wéi kënne mir d’Iessen an de Kantinnen esou gestalten, dass et lecker a gläichzäiteg gesond a gutt fir de Schutz vun Déieren, Klima an Ëmwelt ass?

Ufank 2024 hu mir vu move., déi Jonk am Mouvement Ecologique zesumme mat der CNEL (Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg) eng Ëmfro an de Lycéeën zu Lëtzebuerg gestart, déi ganz Campagne fënns du hei op eisem Site. Zil vun der Ëmfro war et, fir erauszefannen, ob e Veggie Monday och an deene Schoule vun de Schüler:innen ënnerstëtzt géif ginn wou en nach net Standard ass.

Iwwer 1500 Schüler:innen aus ronn 50 Lycéeën hu bei der Ëmfro matgemaach a méi wéi d’Hallschent hunn sech fir d’Aféierung vun engem Veggie Monday ausgeschwat. Vill vun de Jonken hunn als richteg Bock, datt sech eppes ännert!

Nieft de Resultater vun der Ëmfro, fënnt een an der Broschür och en Interview mat der Madamm Monique Ludovicy, Directrice vu Restopolis, an och Proposen, dee souwuel Schüler:innen wéi och Direktiounen an Administratiounen an de Schoulen dozou encouragéiert, d’Thema vegetaresch a vegaant Iessen an de Schoulen ze integréieren an ze diskutéieren. Sief et a Form vun engem Veggie Monday oder iwwert eng erweiderten Offer vu vegetareschem a veganem Iessen.

Klick hei, fir déi ganz Broschür erofzelueden.

Eise Pressecommuniqué zur Broschür kanns du hei noliesen.

Mat dëser Broschür wëlle mir eis dofir asetzen, datt den Dialog ronderëm eis Iessgewunnechten souwuel bannent wéi och baussent de Schoulen zu Lëtzebuerg op eng lieweg a spannend Aart a Weis gefouert gëtt. D’Broschür (10 Säiten, A5) kanns du op Ufro bei eis kréien, maach eis einfach e Mail u move@oeko.lu oder schreif eis op Insta (move.meco). Mir sinn natierlech och oppe fir all Austausch ronderëm d’Thema nohalteg Iessen. Well: d’Zukunft läit och op eisem Teller!


Date de publication : 13.02.2025

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci