Klima-Talk Récap : Wéi Jonker sech zu Lëtzebuerg a weltwäit engagéieren
Wat leeft op de groussen, internationale Klimakonferenzen? Wee schwätzt do mat a wéi ass d’Stëmm vun der Jugend do vertrueden? Wat bedeit dat fir eis (Klima-)Politik an d’Thema Klimawandel an de Schoulen zu Lëtzebuerg? Dës Froen hu mir mat iech zesummen diskutéiert!
D’Natasha Lepage engagéiert sech scho méi laang, fir datt sech eppes an der Klimakris ännert. Fir d’éischt am Lycée a bei move. a Youth for Climate. D’lescht Joer war hatt dunn och ee Joer laang als Climate Youth Delegate nominéiert. Dat bedeit: D’Stëmm vun der Jugend an der Klimakris vertrieden, op Eventer schwätzen, Entrevuë mat Politiker:innen preparéieren an net zulescht op d’Klimakonferenz goen, déi 2024 zu Baku am Aserbaidschan stattfonnt huet.
Kléngt no engem volle Programm? Ass et och – an immens spannend a beräicherend. Dat huet d’Natasha eis op d’Mannst op eisem Klimatalk den 12. Februar am Gudde Wëllen esou erzielt, an och direkt déi Jonk am Public dozou motivéiert, sech selwer fir esou eng Roll ze mellen oder sech am Alldag, an der Schoul oder an enger Organisatioun ze engagéieren.


Mee elo eemol vu fir. Den Owend ass lassgaange mat enger klenger Presentatioun vum Natasha, wou hatt eis vu sengen Erliefnisser als Climate Youth Delegate an den Andréck vun der Klimakonferenz zu Baku bericht huet. Am Gudde Wëllen waren och nach aner Jonker dobäi, déi op der Klimakonferenz waren, an och si hunn hier Perspektiv mat eis gedeelt. Duerno ass Beweegung an den Owend komm: jidderee sollt sech am Sall verdeele fir auszedrécken, wéi en säin Engagement, d’Ënnerstëtzung vun der Politik, d’Visibilitéit vun der Klimakris a sengem Ëmfeld/an der Schoul op enger Skala vun 1-10 ausdrécke géif. Wat als klengen Icebreaker ufänke sollt, ass séier eng ganz lieweg Diskussioun iwwergaangen.
Firwat schéngt Klima & Ëmwelt net méi sou ee wichtegt Thema bei de (jonke) Leit ze sinn? Wéi kann een dat änneren, besonnesch an de Schoulen? Mir hunn eis zesummen iwwerluecht, wéi een an de Lycéeën de Rôle vun den délégué-e-s à l’environnement a vun den Nohaltegkeetsgruppen stäerke kéint. D’délégué-e-s à l’environnement hunn am Moment oft nach éischter praktesch Aufgaben, wéi zum Beispill iwwerpréiwen, datt d’Heizung ausgemaacht gëtt, wa gelëft gëtt, oder datt d’Luuchten net ubleiwen, wann d’Klass de Sall verléisst. Ma usech kéint een doraus jo och eppes vill méi Flottes a Spannendes maachen, wou d’délégué-e-s sech mat jonken Engagéierten aus anere Schoule vernetzen an zesummen aktiv ginn fir och wierklech eppes an de Lycéeën ze veränneren.
Mir waren eis all eens, datt mir doru schaffe wëllen, an hunn eis direkt schonn e Rdv fir déi nächst move. Versammlung ginn.


Date de publication : 26.02.2025