move. beim Jugendpräis: a lass an d’Finall!
Enn Mäerz huet move. nieft 4 anere Jugendprojeten an der Kategorie «One for Science» säi Projet «Zukunftshaff» virun enger Jury gepitcht. Dëst, nodeems mir mat eisem Bewerbungsvideo fir de Jugendpräis eng Ronn wieder komm sinn. De ganze Video kanns du hei kucken:
Beim Pitch, fir dee mir eis samsdes moies fréi op de Wee an de Forum Geesseknäppche gemaach hunn, hate mir 10 Minutten Zäit fir de Jury vun eisem Projet ze iwwerzeegen. An enger move. Versammlung hate mir dofir extra dräi Plakater virbereet, mat deene mir dem Jury weise wollten, wourëms et beim Zukunftshaff geet: ERLIEWEN, AUSTAUSCHEN, VERSTOEN.


D’Julie, d’Chiara an d’Jo Ann waren zwar opgereegt, wossten awer genee, wat si dem Jury ziele géifen, vu datt si jo och selwer beim Zukunftshaff matgemaach hunn. A spéitstens wéi si iwwert de gréngen Teppech a mat Musik am Hannergrond op d’Bün gaange sinn, war d’Opreegung verflunn. 4 Minutte ware fir d’Presentatioun vum Projet virgesinn, an duerno hunn déi dräi nach souverän op d’Froe vum Jury geäntwert – mat Succès! De move. Zukunftshaff elo an der Finall vum Jugendpräis 2025, deen den 22. Mee iwwerreecht wäert ginn.


Date de publication : 02.04.2025