Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. an denger Schoul

An de leschte Méint war move. wéi gewinnt nees an enger Rei Schoulen ënnerwee, fir zesumme mat de Schüler:innen méi déif an d’Theme vun der Nohaltegkeet, Ëmwelt a Landwirtschaft eranzeklammen. E klenge Réckbléck op déi verschidde Formater a spannend Resultater.

Wann s du interesséiert bass, ee move. Workshop an denger Schoul ze organiséieren, da schreif eis einfach op move@oeko.lu

Zukunft vun der Landwirtschaft am Lycée Michel Rodange

Am Kader vun de Fuussendeeg, ware mir Enn Mäerz bei enger 4e am Lycée Michel Rodange op Besuch. Mat am Gepäck hate mir e ganze Koup Videoen, Informatiounen a Motivatioun, fir zesumme mat de Schüler:innen e Workshop zur Zukunft vun der Landwirtschaft ze maachen. Wéi gewinnt ass bei dem Workshop och ëmmer eng ganz Ekipp vun eis move.ler dobäi, déi sech am Virfeld vill mam Thema Landwirtschaft zu Lëtzebuerg ausernee gesat huet an Interviews mat Experte gemaach huet. De Video, dee mir fir de Workshop zesummegestallt hunn, kanns du hei nokucken: Zukunft vun der Landwirtschaft – Workshop Intro

An den éischten zwou Schoulstonnen hunn d’Schüler:innen sech méi intensiv mat hirem Acteur ausernee gesat (Zivilgesellschaft, Politik oder Landwirtschaft), fir seng/hir Positioun besser ze verstoen. Dofir konnten si Interviews kucken, Artikele liesen, diskutéieren a selwer hir Recherche maachen. Dono war et Zäit fir dee méi kreativen Deel, fir dës Positiounen an enger Aart Rollespill an/oder Debat duerzestellen. Dat ass hinnen och op ganz originell Art a Weis gelongen. Si hunn eege Videoen zesummegeschnidden, en Theaterstéck virgedroen a mat Fotoen/virtuellen Hannergrënn geschafft.

Den Alex war och beim Workshop mat dobäi, hie seet:

“D’Zil war et, d’Schüler e bëssi an déi Welt vun der Landwirtschaft eranzefeieren an déi verschidde Gruppen an hir Erausfuerderungen ze presentéieren. Ech géing soen, datt des Aufgab gelongen ass, och wann d’Thema Landwirtschaft net ëmmer fir jiddereen aus der Klass en Häerzenssujet ass. 😉  Perséinlech war et eng interessant Erfarung fir mat anere Schüler, déi ongeféier a mengem Alter sinn, ze schaffen an och hier Perspektiven an Iddien ze héieren. Alles an allem géif ech den Atelier als gelonge bezeechnen.”

Raus an d’Gréngs mam Biolog Roger Schauls

Fir d’Green Days am Lycée Technique zu Lalleng, war move. Enn Abrëll fir e ganz besonnesche Workshop ënnerwee. Zesumme mam Biolog a laangjärege Member vum Mouvement Ecologique, Roger Schauls, si mir nämlech mat enger Klass an de Bësch hannert de Lycée getrëppelt, fir eis d’Natur an d’Biodiversitéit do méi genau unzekucken, unzelauschteren an unzepaken. Och wann et um Ufank fir deen een oder aneren ongewinnt war, net an der Klass hannert der Schoulbänk ze setzen – d’Stëmmung war awer séier richteg gutt.

Am Bësch goufen et verschidde Statiounen, fir zum Beispill d’Kraider, Blummen, Blieder a Beem kennen ze léieren. Mir krute gewisen, wéi eng Aarte beienee passen, an hu mat der “Disco-Blumm” och eng ganz besonnesch Planz entdeckt. Mir hu festgestallt datt, och wann de Bësch net wäit vun der Schoul ewech ass, een awer net esou oft dohi geet, an d’Schüler:innen an d’Proffen hunn sech dofir iwwert déi Geleeënheet gefreet. Villäicht war dat jo och en Ustouss fir d’Proffen, fir méi oft esou Excursiounen ze organiséieren, oder och bei de Jonken, fir esou Schoulstonne bei hire Proffen unzefroen.

Visionäre: Lëtzebuerg 2040

Den nämmlechten Dag ass et bei de Green Days am LTL viru gaangen, wann och mat engem anere Workshop an an enger anerer Klass. Dës Kéier huet sech alles ronderëm d’Fro gedréint, wéi mir eis Lëtzebuerg bis 2040 virstellen, wat mir eis wënschen a wat mir net wëllen.

De Workshop huet domat ugefaangen, datt mir fir d’éischt zesummen definéiert hunn, wat Nohaltegkeet fir eis bedeit a wéi mir deem Thema am Alldag begéinen. Um Ufank war dat fir déi meescht e klengen Challenge, well net jidderee sech sécher war, wat genee mat Nohaltegkeet gemengt ass. Wou d’Diskussioun awer bis lancéiert war, hu mir vill iwwer Recycling, Liewensmëttelverschwendung, douce Mobilitéit an d’Klimakris geschwat. Bei der Fro, wat déi Jonk sech net fir hir Zukunft wënschen, ware Krich, Knascht an Naturkatastrophen en Thema, ma och zum Beispill iPads an de Schoulen. Net jidderee war bei den iPads d’Accord, an déi uschléissend Diskussioun huet gewisen, datt Digitaliséierung am Kader vun der Schoul eppes ass, wat d’Schüler:innen vill beschäftegt.

Och wann et ufanks bëssi schwéier si kann, sech an eng Diskussioun ze lancéieren a seng Argumenter ze formuléieren – um Enn sinn déi meescht Schüler:innen mat vill Energie dobäi, sief dat an de Gruppendiskussiounen oder bei den uschléissende Presentatiounen.


Date de publication : 14.05.2025

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci