move.your.tomorrow
D’ass Summervakanz – a wéi kéint een dat besser féieren, wéi op eisem alljärleche move. Fest! Dëst Joer stoung d’ Fest ënnert dem Motto «move.your.tomorrow», also genau deen Engagement fir eng besser Zukunft, fir dee move. och steet.
Dofir hu mir schonn e puer Wochen am Virfeld an eise Versammlunge mat der Planung vum Fest ugefaangen. Mir hunn Deko gebastelt, eis Liblingsbands invitéiert, den Iessplang opgestallt, Videoe gedréint an de Flyer designed.

Dëst Joer hu mir d’move.Fest dann och fir d’éischt Kéier Donneschdes organiséiert, also den éischten Dag vun der Vakanz. Gestart si mir nomëttes um 14 Auer mat enger Kraiderwanderung, zesumme mam Manon vun der «Wëll Muert». Mir hu ronderëm den Oekozenter no iessbare Wëllkraider gesicht a spannend Fakte geléiert iwwer déi ënnerschiddlech Superkräfte vun de Planzen. No ronn 90 Minutten hate mir genuch gesammelt, fir eis Zaloten opzepeppen – och mat Brennnesselen, déi mir natierlech virdrun “onschiedlech” gemaach hunn.


Zréck beim Oekosoph hu mir d’Terrass dann nach mat eise faarwege Guirlanden dekoréiert, ier et dann um 17 Auer mat engem Kleedertausch-Stand, engem Chill Eck an engem Pubquiz ronderëm d’Motto «move.your.tomorrow» lassgaangen ass. Véier Equippe sinn ugetrueden an hunn sech duerch de Froebou ronderëm dräi Kategorië geschloen – um Schluss huet d’Ekipp «Mover`s» e Bon am Intense Café, also engem vun eise move.approved Partnere, gewonnen.

Och kulinaresch gouf et eppes ze genéissen: e leckere Chili sin Carne vum Oekosoph an dobäi eis frësch, selwergemaachte Zaloten.
Een Héichpunkt vum Owend waren déi zwou Live-Bands: Emily Grogan huet mat hirer emotionaler Solo-Performance iwwerzeegt. Duerno hunn d’Atomic Pearls fir richteg Stëmmung gesuergt: Mat Cover-Songs vu Pixies, Cranberries a villem méi hunn si däitlech gemaach: Haut bestëmmen déi Jonk de Rhythmus!
Mee domat war den Owend nach laang net eriwwer – d’Karaoke-Anlag war séier opgebaut, an d’Leit hunn sech mat vill Freed duerch all méiglech Lidder gesongen – vu Musical, iwwer 90s Hits bis zu de Banger vun haut.


Mir hätten eis kee besseren Ofschloss vum Schouljoer virstelle kéinten – gutt Wieder, gutt Stëmmung a vill nei Gesiichter. Elo geet move. an d’Summerpaus, fir dann am September nees voller Energie ze starten!
Date de publication : 15.07.2025