Zesumme fir eis Zukunft – eng move.lerin zu Budapest
Um Ufank vun der Summervakanz war eng jonk Move.lerin an der Weltgeschicht ënnerwee, an zwar zu Budapest. Do huet d’Jo Ann move. op der Assemblée générale vun YFOEE (Young Friends of the Earth Europe) vertrueden. Rëm zréck zu Lëtzebuerg gouf et dann nawell vill vun der Aventure ze zielen. Liest hei an dem Jo Ann säi Bericht eran.
YFOE Europe ass eng europäesch Organisatioun, déi sech mat allerhand Themen an Erausfuerderungen an der Welt ausernee setzt. Ob et lo em eis Ëmwelt, Klimagerechtegkeet, Migratioun, Fraerechter, Krich a Fridden oder aner wichteg aktuell Sujete geet – YFOE ass do fir Jonker aus allen Ecker an Europa ronderëm déi Sujeten zesummenzebréngen. Ech hat d’Chance bei der Generalversammlung 2025 dobäi ze sinn, well move. eng representativ Organisatioun vun YFOE ass. Si hunn nämlech a bal all Land vun der EU direkt YFOE-Zesummeschlëss fir u Projeten, Aktiounen a Campagnen ze schaffen. De Mouvement Ecologique ass déi Lëtzebuerger Sektioun vu Friends of the Earth (FoE), der Mammenorganisatioun vun YFOEE.
Fir mech war et net nëmmen eng flott Erfarung, well ech nach ni an Ungarn war , mee virun allem war et eng immens Opportunitéit fir Mënschen a mengem Alter aus ganz Europa ze treffen, déi sech, wéi ech, mat wichtegen Themen auserneesetzen an eis Welt zum bessere gestalte wëllen.



Déi 5 Deeg souze mir net nëmme steif bei engem Dësch an hu geschwat, mee et war eng aktiv an dynamesch Konferenz mat vill Ofwiesslung. Zum Beispill hu mir iwwer de Sujet vun der Klimagerechtegkeet diskutéiert, an deem mir eis dës Froe gestallt hunn: Wien ass responsabel, bzw. geet et iwwerhaapt ëm Responsabilitéit? Sollt een sech moralesch verpflicht fillen a wa jo, ab wéini? Mir sinn dann och zum Schluss komm, datt et d’Zil misst sinn, grouss Konzerner a Lobbyen dozou ze verpflichten, fir Verännerung ze suergen, well si ee groussen Afloss hunn.
Och den Engagement vu Jonken war e Sujet. Vun iwwerall koum den Echo, dass et méi schwéier gëtt, Jonker fir den Ëmweltaktivismus ze begeeschteren. Mir hunn iwwer méiglech Methode geschwat fir dat ze änneren, wéi z.B. Jonker méi aktiv an de Schoule matrappen, an och d’Organisatioune selwer mat méi Tools ausstatten (Social Media Formatiounen etc.).
Nieft méi eeschten Diskussiounen an Theme konnte mir och mol gutt zesumme laachen – eppes wat mir och wichteg war, wëll een sech sou besser kennegeléiert huet a Lien’e maache konnt. Wat jo och de Sënn vun der ganzer Saach war, wëll YFOE nennt sech jo net fir näischt e “Grassroots Network”. Hei hunn ech och dat Konzept vun der Community of Care kennengeléiert, also dem Versuch fir all Mënsch an der Ronn aktiv ze weisen, datt seng Meenung wichteg ass a respektéiert gëtt, a fir gläichzäiteg och bei eiser Sich no Léisungsusätz eng holistesch Approche unzegoen an all betraffe Persoune matzedenken.


Et war een Zesummekommen, wou mir iwwert eis Situatiounen an Défi’e vun Doheem bericht hunn an och gedeelt hunn, wat fir potenziell Léisungen et scho ginn. Ech war engersäits faszinéiert an awer och erféiert wéi Situatiounen a Länner, déi Kilometere vunenee fort sinn, sech änelen. Ech hunn och realiséiert, datt mir alleguer déi nämmlecht Kämpf bestreide mussen an een zesumme vill méi erreeche ka wéi eleng. Deemno war och eng aner wichteg Fro déi, wéi ee Gemeinschafte rëm besser stäerke kann, sief dat am Duerf an engem Quartier oder op méi groussem Niveau. Esou kann een net nëmmen am Beräich vun der Nohaltegkeet méi séier viru kommen, zum Beispill duerch eng gemeinschaftlech Energiegewënnung, mee och als Gesellschaft, zum Beispill andeems een zesumme Kultur erlieft a Projeten ëmsetzt. Fir move. Kann dat och bedeiten, datt mir méi staark ginn, wa mir eis besser op internationalem Niveau vernetzen a mat aneren Organisatiounen zesummeschaffen, fir zesummen no Léisungen ze sichen.
Wärend der néier Opstellung vum YFOE Comité an dem Ausschaffe vun eisen Ziler hunn eis ungaresch Frënn eis Budapest gewisen, ob dat lo bei enger Owespromenade un der Donau oder bei engem Ausfluch bei eng “Community energy” war. Op der AG sinn awer och nei Aarbechtsgruppen an d’Liewe geruff ginn, wou d’Memberorganisatiounen sech dran engagéiere kënnen (wéi z.B. Youth Empowerment, Mercosur, Deregulation Wave etc.) a wou elo och scho move-ler vun eis aktiv sinn. Zum Schluss huet een sech usech méi Zeit matenee gewënscht fir iwwert all déi Themen, déi eis beweegen, ze schwätzen an auszetauschen.
Ech hunn zu Budapest eng Rei wonnerbar Leit kennegeléiert vun deenen ech vill geléiert hunn an déi mir och néi Iddie ginn hunn, wéi ech mäin Deel als Aktivistin fir eng besser Welt bäidroe kann. Et geet nämlech em eis Zukunft a fir déi musse mir eis zesummen asetzen!

Date de publication : 05.09.2025