Aktioun vum move. : “Wat mir begruewen”
Aktioun vum Mouvement Écologique. Leschte Freideg virun der Chamber: “Wat mir begruewen” -move. – déi Jonk am Mouvement Écologique – hunn e Freideg als Deel vum globale Klimastreik, deen de 14. November stattfonnt huet, un enger symbolescher Aktioun virun der Chamber deelgeholl. Wärend der COP30 hunn si virun der Chamber kloer gemaach:
Eis Zukunft däerf net begruewe ginn. Lëtzebuerg huet eng Verantwortung, handelt awer net konsequent genuch. Klimaextremer, Verloscht vun der Natur a sozial Ongerechtegkeet klammen.
Sie wëllen d’Hoffnung an d’Gerechtegkeet net begruewen – mä éischter fossill Brennstoffer, Ausbeutung vun de Ressourcen an zerstéierende Wuesstem.
Hir Haaptfuerderungen: Klimaneutralitéit bis 2035; Schutz vun der Biodiversitéit; eng sozial, gerecht Energie- a Mobilitéitstransitioun; gerecht Finanzeierung duerch d’Besteierung vun de Superräichen an de fossilen Energie Konzerner; Solidaritéit mam Globalen Süden. Lëtzebuerg muss seng Verantwortung iwwerhuelen: nohalteg Gemengen, ökologesch Landwirtschaft, manner Auto-Dominanz an eng konsequent Klimapolitik. Déi ganz Stellungnam fannt Dir hei – “Wat mir begruewen” – Fotoen vun der Aktioun wäerten am Laf vun der Woch online gesaat ginn

Date de publication : 18.11.2025